Radioen

On air

Tockcity  |  Lonely Inc. - Memphis

play_arrow Live
search

/ Wéi gesäit d‘Handyverbuet am Moment an de Schoulen aus?

Fluch oder Seegen?

Wéi gesäit d‘Handyverbuet am Moment an de Schoulen aus?

D'Handyverbuet an de Grondschoulen an an de Maison-relaise gëtt vun no der Ouschtervakanz un zu Lëtzebuerg ëmgesat. D'Lycéeë sollen autonom méi strikt Reegelen aféieren. Sou huet et den Educatiounsminister Claude Meisch bei der Rentréespressekonferenz ugekënnegt. Wéi ginn d’Reegele fir den Handy momentan an der Praxis ëmgesat?

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock

Generell gëlt an all Secondaires-Gebai zu Lëtzebuerg d’Reegel, datt de Gebrauch vum Handy an de Coursen net erlaabt ass. Déi eng setzen op e fräiwëllege System, bei anere gëtt den Handy ewechgespaart. Och d’Notzen an de Pausen ass net iwwerall d’selwecht.

Am Schengen-Lycée ass den Handy een Tabu

Am Schengen-Lycée muss den Handy ausgeschalt am Schoulsak sinn, soubal een d’Gebai betrëtt. Och an de Pausen ass den Handy tabu. Dat gëlt fir all Klassen a well déi Reegelung nach ëmmer bestanen huet, hätt een der Direktesch Marion Zenner no, och keng gréisser Problemer. 

Well d’Schüler:innen an dëser Diskussioun net déi eenzeg Betraffe sinn, huet d’Direktesch och d’Eltere mat an d’Boot geholl. Vun den Eltere wier dëst Joer vill Versteesdemech komm, well och si géife mierken, datt hir Kanner oft vill Zäit mat den digitale Medie géife verbréngen. 

Elteren a Schüler:innen, mee och d’Enseignanteën an Enseignantë spillen an deem Ganzen hir Roll. Mëttlerweil sinn d'"digital natives" jo och selwer Léierpersonal. Am Schengen-Lycée sollen et keng Ausname ginn, seet d'Direktesch. Och d'Léierpersonal soll an der Paus net mam Handy do sëtzen. D'Reegele gëlle fir jiddereen, soss géif ënnertenee verglach ginn an och dat wéilt ee vermeiden.

Handyverbuet gutt fir de sozialen Ëmgang?

Déi befrote Schüler:innen am Schengen-Lycée hate jiddefalls net all ze vill Reklamatiounen ze maachen. 

Et géif awer och dacks mol gefuddelt ginn. Da gëtt den Handy zum Beispill op der Toilette eraus geholl. An enger perfekter Welt lieft een eben och net zu Schengen an net nëmmen d’Schüler:innen fannen Noutléisungen. Bei méi heefege Virfäll kéint et och mol zu Schoul- oder Klassekonferenzen kommen. 

Et géif een effektiv net direkt jidderee bestrofen dee mol erwëscht gëtt, heescht et vun der Säit vum Léierpersonal. D’Enita Rastoder war a méi Schoulen aktiv. Hir ass den Ënnerscheed am Verhale vun de Schüler:innen opgefall. An anere Schoulen, an deenen den Handy an de Pausen erlaabt wier, hätt si d'Schüler:innen vill um Handy erlieft. Mam Handyverbuet géif een si rëm méi sozial aktiv gesinn. 

Déi Observatioun stäipt allefalls d’Aussoe vu rezenten Etüden. An deene gouf festgestallt, datt en Handyverbuet an de Schoulen zu bessere Leeschtungen an engem bessere soziale Wuelbefanne féiert. D’Fro bleift, wéi staark een esou Reegelen och wierklech an de Schoulen duerchsetzt, fir datt déi acceptéiert an net ëmgaange ginn.  

Lauschtert hei de ganze Reportageplay_arrow

Am Lycée Ermesinde schwätzt ee vun enger neier digitaler Strategie

D‘Directrice adjointe Tammy Muller erkläert, datt een am Lycée Ermesinde net gär vun engem Handyverbuet géif schwätzen. Do ass éischter vun enger generell neier digitaler Strategie riets.

Grondsätzlech wier een der Meenung, datt een déi Jonk net mam Handy kéint op déi digital Welt virbereeden. D‘Méiglechkeet am Internet ze recherchéiere géif bestoe bléiwen. Dat awer dacks als Gruppenaktivitéit, bei där d‘Schüler:innen da kéinte leieren, d‘Qualitéit vun enger Quell ze jugéieren.

Den Touchscreen wier bei där neier digitaler Strategie ausschlaggebend: Wann een Element en Touchscreen hätt, géif d‘Gehier et éischter als e Fräizäitgerät aschätzen, seet d‘Tammy Muller. Dowéinst an och aus ökologesche Grënn géif een och näischt vun iPad-Klassen am Lycée Ermesinde halen.

Reegelen hänke vum Alter of

Déi digital Strategie besteet doraus, datt d‘Schüler:innen aus de Klasse vu Septième, Sixième a Cinquième den Handy wärend dem Schouldag guer net dierfe benotzen. Dat heescht verschidde Schüler:innen géife guer keen Handy matbréngen an déi aner mussen den Handy moies ofginn. Dee gëtt dann an enger Këscht am Klassesall verstaut a bleift bis 16 Auer dodran.

Fir d‘Schüler:inne vu Quatrième bis Première gëllt: Si mussen den Handy zwar net ofginn, mee benotzen dierfe si en an der Schoul awer net. Dat nämmlecht gëllt do iwwregens fir d‘Léierpersonal.

Eng „Handypolice“ géif et net ginn. Si wéilten éischter de Message verbreeden: "Mir wëllen deen Apparat net an eiser Communautéit". Den Handy kéint awer duerchaus konfiszéiert ginn, sollt een domat erwëscht ginn. 

Lauschtert den ganzen Interview mat der Tammy Mullerplay_arrow

A Groussbritannien ass et de Schoule selwer iwwerlooss

Déi konservativ Regierung hat am Februar Richtlinnen erausginn, déi awer net obligatoresch sinn. Vill Schoulen hunn allerdéngs scho viru Jore Verbueter agefouert. E Grupp vun Akademien an England huet viru Kuerzem gesot, si géifen d’Handyen am Schouldag ganz verbidden. Et géif zënter der Pandemie grouss psychologesch Problemer bei de Kanner ginn, déi och op den Handy zréckzeféiere wieren, sou den Direkter vum Grupp. 

An et wier bewisen, datt Smartphones och dann nach oflenken, wa si an der Täsch wieren, oder am Schoulsak géife leien, dofir sollten d’Kanner moies d'Handyen ofginn. 

St. Albans, eng kleng Stat bei London, geet nach mei wäit: Hei wëllt een déi éischt brittesch Stad ginn, an där Kanner ënner 14 guer kee Smartphone kréien. D’Schoulpersonal an d’Elteren hate sech dofir zesummen agesat. 

Lauschtert de Reportage aus Frankräich a Groussbritannienplay_arrow