Radioen

On air

Moiesstudio  |  Chrëschtbeemercher fir Geessen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi realistesch si Peagen zu Lëtzebuerg?

Mobilitéitspolitik

Wéi realistesch si Peagen zu Lëtzebuerg?

Wann Dir moies den Auto huelt fir op d'Aarbecht ze kommen, da stinn d’Chancen net schlecht, datt Dir an de Stau gerot. Datt dat hei am Land nawell dacks de Fall ass, verwonnert keen. Wéi vill Zäit een allerdéngs domat zum Deel verbréngt, schonn éischter. Kéinte Peagen do fir Entlaaschtung suergen?

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Peage owes | © picture alliance / Norbert Schmidt | Norbert SCHMIDT play_arrow
Kéinten et an Zukunft Peagen op de Lëtzebuerger Autobunne ginn? (Foto: picture alliance / Norbert Schmidt | Norbert SCHMIDT)

Am Stau stoe gehéiert fir vill Leit leider zum Alldag. Meeschtens fir moies op d'Schaff ze kommen, oder owes um Wee fir heem.

D'lescht Joer hunn Automobilisten an der Stad Lëtzebuerg am Schnëtt iwwer 2 Deeg am Stau verbruecht. Zu där Conclusioun kënnt eng Trafick-Etüd vun Inrix, déi all Joer erauskënnt. D'Stad Lëtzebuerg war domat an den Top 100 - méi genee op der 87. Plaz - vun deene Stied weltwäit, wou een am meeschten Zäit am Stau verléiert.

Lëtzebuerg ass een "Autofahrerparadies"

De President vun der Securité routière, de Paul Hammelmann, ass der Meenung, datt dat kee gutt Zeeche fir déi Lëtzebuerger Verkéierspolitik ass. Am Stau stoe géing d'Sécurité routière zwar net direkt betreffen, dofir awer indirekt, well et Aggressiounen a geféierlecht Behuele mat sech géing bréngen, esou de Paul Hammelmann.

Weider mengt de President vun der Sécurité routière, datt een hätt kéinte mengen, datt mat der Aféierung vum ëffentlechen Transport de Problem vum Stau manner géif ginn. Deem ass awer net sou. Lëtzebuerg ass a bleift en "Autofahrerparadies", seet de Paul Hammelmann am 100,7-Interview.

"Mir hunn nach ëmmer de Kult vum Auto, a mir ginn deen esou bal net lass."

De Paul Hammelmann ass President vun der Sécurité routière. | © Morgane Weidig
De Paul Hammelmann ass President vun der Sécurité routière. (Foto: Morgane Weidig)

Feelt et u Courage an der Politik?

Verschidde Stied hu mëttlerweil e Peage ageféiert, wann ee mam Auto an d'Stad wëllt erafueren. Esou zum Beispill zu New York, wou een ëmgerechent 9 Euro muss bezuelen.

De Stau wier nawell een Argument dofir, mengt de Paul Hammelmann, mee da géing et duerchaus och Sënn maachen, ee Peage op den Autobunnen anzeféieren, wou et zu de Spëtzestonnen och dacks zu Stau kënnt. A grad de gratis ëffentlechen Transport wier een Argument dofir, den Auto manner ze brauchen. Ob et allerdéngs ëmgesat géif ginn, dorunner zweifelt de Paul Hammelmann.

"Ech weess net, ob jeemools ee Politiker zu Lëtzebuerg dat do wéilt an déi Richtung ugoen."

Ënner dem Stréch mengt de President vun der Sécurité routière allerdéngs, datt ee kee Peage fir an eng Stad era maache kann. A souguer op der Autobunn géing et schwiereg ginn, well et ganz vill Opfaarten a Sortië gëtt. Hautzedaags bréicht een allerdéngs och keng Barriäre méi op de Peagen, esou de Paul Hammelmann. Mat Kamerae kéinte ganz einfach d'Plackennummeren erfaasst ginn.

De richtege Moment verpasst?

Et bréicht een eng grondleeënd Verännerung, wat d'Verkéierspolitik ugeet, wann een dat wéilt ugoen. De Paul Hammelmann mengt och, datt een et eventuell zäitgläich mat der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport hätt kéinten diskutéieren. Mee souguer d'Sécurité routière selwer hätt zu deem Ament net doru geduecht, gëtt hire President zou. Dofir bleift hie bei senger Ausso: "An dëser Legislaturperiod ass de Peage net machbar."

An der Etüd gëtt jo net just d'Stad Lëtzebuerg, mee och d'Stad Esch ernimmt. Esch läit notamment am Ranking op Plaz 283 weltwäit. Am Schnëtt hätt een do d'lescht Joer am Stau 36 Stonne verluer. Dat sinn der manner wéi an der Stad Lëtzebuerg, mee et ass méi eng staark Hausse, nämlech vun 9 Prozent, am Verglach mat 2023.

Lauschterenplay_arrow