Zënter 1912 gëtt et zu Lëtzebuerg schonn eng Äishockeyfederatioun. Esou féiert et zumindest den internationalen Äishockeyverband IIHF un. Wien allerdéngs deemools schonn déi Federatioun zu Lëtzebuerg gegrënnt huet, weess net mol den aktuelle President vun der Federatioun, den Alain Schneider.
"Dat steet esou niddergeschriwwen an och beim Internationalen Äishockeyverband, datt si du gegrënnt ginn ass. Mir wëssen awer net genau duerch wien a wat passéiert ass an deene fréie Joren."
D’IIHF huet och keng Dokumenter fir déi Grënnung novollzéien ze kënnen, esou nach den Alain Schneider, deen och vun 1999-2005 Nationalspiller war an aktuell Vizepresident vum Club Tornado Lëtzebuerg ass. Zerécktracéieren kann een den Äishockey hei zu Lëtzebuerg an d’60er Joren, seet den Alain Schneider.
Net genuch Äispisten
Deemools goufen et Äispisten zu Beefort, der Kockelscheier an och nach zu Réimech an zu Housen. Leit aus klasseschen Äishockey-Länner wéi Tschechien oder och Kanada wollten dunn och Clibb zu Lëtzebuerg grënnen, fir spillen ze kënnen. Esou ass dunn och e Championnat zu Lëtzebuerg entstanen.
Dat gëtt et um Hären Niveau esou net méi. Et gëtt zwar e Championnat ausgespillt, déi sougenannt LHL-Finall an och op anere Niveauen am Land ginn et Divisounen, mee fir um héchste Niveau e grousst Championnat mat villen Ekippen ze maachen, ginn et hei am Land tout court einfach ze wéineg Ekippen. Engersäits feelt et u weideren Äispisten, déi uechter d’Land verstreet wiere fir weider Clibb ze grënnen an domat geet och anhier, datt een op dat Sportlecht kucke muss, wéi den Alain Schneider erkläert.
"Wann ee wëllt sportlech virukomme mat zwou, am Fong zwou Seniorsekippen oder zwee Senioreclibb, loosse mir esou soen, e Championnat ze maachen, do kënnt ee sportlech net weider. Da spillt een 20 Mol géint en een. Dat bréngt sportlech am Fong net vill."
D'Ekippe ginn an d'Ausland spillen
Dofir géif een et mat den éischten Ekippen am noen Ausland probéieren.
Ufanks huet den Tornado dunn an Däitschland an der Regionalliga matgespillt. Trotz gewonnene Championnater, dierft een do awer net opsteigen. Dofir si si a Frankräich gaangen a spillen an der drëtthéchster Klass, wou een dem Alain Schneider no ganz zefridden ass.
Mat der aktueller Entwécklung och. Virun zwee Joer konnt een an déi drëtthéchste Klass a Frankräich klammen. D’Beefort Knights hunn decidéiert an d’Belsch spillen ze goen.
Och op Weltmeeschterschaften dobäi
D’Nationalekipp hat iwwerdeems déi éischter 1993 bei der Senioreweltmeeschterschaft zu Johannesburg a Südafrika matgespillt. Duerno misst d’Ekipp eng Paus maachen, well et un Nowuess gefeelt huet. Ufanks den 2000er hätt sech dat da geännert.
"A mir hunn elo säit, säit dräi oder véier Joer hu mer elo dräi Ekippen op Weltmeeschterschafte reegelméisseg spillen, dat heescht eng U18 an eng U20 an d’Senioren."
Hoffnung fir nees opzesteigen
Anescht also wei bei anere Sportaarte spillt ee beim Äishockey d’Weltmeeschterschaft an Divisiounen aus a net wéi beispillsweis am Fussball eng grouss, woufir ee sech qualifizéiert.
Lëtzebuerg fënnt sech an der zweetleschter Divisioun erëm, nodeems een d’lescht Joer ofgestigen ass. An awer bléckt den Alain Schneider positiv an d’Zukunft an hofft, nees opzesteigen.
"Et ass eng Reegelméissegkeet do a mir hunn immens vill Nowuess, deen ëmmer besser gëtt."
Aktuell ass de Lëtzebuerger Nowuess bei der U-18-WM a Bosnien an Herzegowina am Asaz a konnt um Mëttwoch 6:2 géint Südafrika gewannen. Do sinn och Jugendspiller vum Tornado Lëtzebuerg dobäi, déi soss all Woch op der Kockelscheier trainéieren.