Déi rezent Hausse op der Pompel wier ënnert anerem op déi géigesäiteg Bombardementer tëschent den USA an dem Iran zréckzeféieren, déi trotz der Wafferou an de leschte Wochen nees lass gaange sinn.
Och eng rezent Attack vun den Huthi Rebellen op zwee Uelegtankeren am roude Mier hätten d'Präisser weider an d'Luucht gedréckt, erkläert de President vum Tankstelleverband GEML Eric Bleyer.
Firwat ass den Diesel generell méi deier?
Op d'Fro firwat grad den Diesel méi deier ass sot den Eric Bleyer, datt d'Demande hei allgemeng méi grouss wier. Deemno géif hei och méi importéiert ginn.
Senger Aschätzung no wäerten d’Präisser och weider héich bleiwen, voir nach méi héich ginn esoulaang de Krich am Noen Osten unhält.
D'Baisse op den Accisen ëm 5 Cent de Liter, déi am Juni vun der Regierung decidéiert gi war, géif de Präis den Ament ënnert zwee Euro de Liter halen. Wéi een Effekt dës Mesure elo huet kéint hien den Ament net beurteelen. Elo hätt och de Vakanzentrafic ugefaang, an da géif natierlech och vill getankt ginn hei am Land.
Peegel vum Rhäin ass wéinst der Dréchent op dem niddregste Stand
De Facteur niddereg Waasser vum Rhäin spillt den Ament awer och. De Peegel vum Rhäin ass wéinst der Dréchent op de niddregste Stand jeemools gefall. Dat hunn déi zoustänneg Autoritéiten an Holland gemellt, si hunn de Rhäin op där Plaze gemooss, wou de Floss aus Däitschland an Holland era fléisst. Nach ni wier de Niveau do esou niddreg gewiescht, esou d‘Autoritéiten an Holland.
D’Transportwee géifen duerch de niddrege Peegelstand vill méi laang ginn, esou den Eric Bleyer. Dat well de Gros vun de Pëtrolsproduiten iwwer de Waasserwee op Lëtzebuerg transportéiert ginn ass.
Elo misst een op alternative wéi beispillsweis de Camion ëmklammen, well d’Schëffer net méi iwwer de Rhäin an d'Musel bis op Lëtzebuerg kommen, respektiv net méi esou schwéier kënne beluede ginn, well de Waasser Stand esou niddereg ass.
Enkpäss op den Tankstellen?
D'lescht Woch waren zéng Tankstellen hei am Land en Rupture de Stock. Dat hat de Wirtschaftsminister Lex Delles confirméiert. De Grond wier, datt déi ganz Liwwerketten einfach méi laange gi wieren, esou de President vum Tankstelleverband GEML. An dofir kéint et och mol virkommen, datt eng Tankstell e bësse méi spéit beliwwert gëtt wéi soss. Doriwwer eraus hätte Camionschauffeuren och Vakanzen- respektiv Rouzäiten déi se missten anhalen.
Rupturen op Tankstelle kéinten et also och weiderhi ginn, soulaang sech d’Situatioun um Rhäin net géif änneren. Esou Rupture wieren awer meeschtens bannent kuerzer Zäit behuewen, esou nach den Eric Bleyer.
Krich am Noen Osten
E weidere Grond wier natierlech och de Krich am Noen Osten, dee fir Liwwerengpäss suergt, erkläert de President vum Lëtzebuerger Tankstelleverband Eric Bleyer am 100,7-Interview. Et wiere genuch Produit um Marché. Mee d'Lag wier komplizéiert, well och wa genuch Offer do ass, den Import wier méi schwéier wéi soss, erkläert nach den Eric Bleyer.