Um Freidegowend huet d'Wäisst Haus matgedeelt, Sanktiounen, Beschränkungen oder och Douanestaxen, déi duerch d'Ëmsetze vum Graham Act géifen entstoen, auszesetzen. Dat géif ee wéinst dem nationalen Intressi vun den USA maachen, steet am Dekreet.
Eréischt Mëtt September haten d'Republikaner de Mesurëpak annoncéiert, dee besonnesch de russeschen Energiesecteur cibléiere sollt. Awer och héichrangeg Leit aus dem Kreml, notamment de President Wladimir Putin.
Vun Ufank un huet de Graham Act dem US-President Donald Trump allerdéngs en zimmlech grousse Spillraum gelooss.
Freed am Kreml
Zu Moskau huet een no der Annonce vun engem "historesche Moment" geschwat.
"D'Aussetze vum Graham Akt duerch d'Trump-Regierung ass e wichtegen a wierklech historesche Moment."
Esou de Kirill Dmitriew, Kreml-Beroder fir international wirtschaftlech Kooperatioun an de soziale Medien.
The US-Russia economic dialogue and peacemaking efforts will continue. 🕊️ Some thoughts on suspending some provisions of the Graham Act 👇 https://t.co/lzjwdwFzxJ
— Kirill Dmitriev (@kadmitriev) October 17, 2026
Nächste Réckschlag fir de Wolodymyr Selenskyj
Fir den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj, deen de westleche Réckhalt am vu Russland ausgeléisten Ukrainkrich brauch, ass et e weidere Stouss an de Réck säitens den Amerikaner.
Uganks Oktober hat den Donald Trump en Deal mam russesche President Wladimir Putin ofgeschloss fir den Import vu russeschem Diesel an d'USA ze erméiglechen.