De Marc Goergen huet der Ministesch fir Travaux pubic Explikatioune gefrot.
Holz muss belaaschtbar sinn
An hirer Äntwert schreift d‘Yuriko Backes, datt fir déi Passerell effektiv dat tropescht Bongossi-Holz géif gebraucht ginn, well déi Bréck an engem Fiichtgebitt läit a reegelméisseg och Béischte géifen driwwer goen.
Dofir wier et wichteg gewiescht, ee Material ze wielen, dat eng héich Resistenz géint Verschläiss a mechanesch Belaaschtung opweist, esou d‘Ministesch an hirer parlamentarescher Äntwert.
D‘Stroossebauverwaltung hätt och no Alternative gesicht, dorënner och europäesch Holzaarten, mee do wiere keng gëeegent gewiescht fir dës Passerell. Et géif awer drop gehale ginn, datt d‘Tropenholz, dat benotzt gëtt, nohalteg zertifizéiert ass.