Den Aussen- an Aussenhandelsminister Xavier Bettel kritiséiert déi gréng wéinst dem Vott d'lescht Woch iwwert den Handelsaccord Mercosur.
E Mëttwoch hat sech am Europaparlament eng knapps Majoritéit dofir ausgeschwat, datt den Text vum Fräihandelsofkommes soll vum Europäesche Geriichtshaff iwwerpréift ginn.
Mat Jo haten Europadeputéiert queesch duerch d’Parteie gestëmmt, dorënner och bal all d’Membere vun de béide rietsextreeme Fraktioune “Patriote fir Europa” an deene vun “Europa vun de Souveränen Natiounen”.
Xavier Bettel: déi gréng sinn net kohärent
De Xavier Bettel stéisst sech virun allen drun, datt esou vill Grénger an d’Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz dofir gestëmmt hunn, virun den Europäesche Geriichtshaff ze goen.
Ënner anerem de fréieren däitsche Wirtschaftsminister Robert Habeck hätt sech fir den Handelsaccord Mercosur agesat, esou den DP-Politiker.
Iwwerdeems géif sech fir déi gréng hei ee Problem vu Kredibilitéit stellen.
"Wëll se ëmmer jäizen, wann hei zu Bréissel iergendeen nach eng Kéier mat de Faschoe stëmmt, an elo si si déi éischt, déi awer do matmaachen. Also ech hu wierklech do e Problem vu Kredibilitéit."
Datt och Verschiddener aus der Fraktioun vun de Liberalen dofir gestëmmt hunn, datt de Mercosur-Accord soll vum Geriicht iwwerpréift ginn, wier “net dat selwecht”, esou de Lëtzebuerger Ausseminister. Déi EU-Deputéiert hätten dat aus nationalem Interêt gemaach.
Hie weist drop hin, datt vun de sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert der fënnef dergéint gestëmmt hunn, wärend just eng, déi gréng Tilly Metz, dofir war.
"An do verstinn ech den Interêt nach ëmmer net. A wann ech der Madamm Metz nolauschteren um Radio hunn ech och nach ëmmer net verstan, firwat? Virun allem wann ech aner gréng Familljemembere kennen, déi dofir drécken."
Beim Vott hate sech awer esouwuel d'Tilly Metz (déi gréng) ewéi och de Fernand Kartheiser (ADR) sech dofir ausgeschwat, den Text rechtlech préiwen ze loossen.
Faktencheck: Resultat vum Vott am EU-Parlament war ganz divers
Beim Vott d'lescht Woch hat sech iwwerdeems ee ganz faarwegt Bild gebueden. Déi 334 Europadeputéiert, déi sech fir d’Iwwerpréiwe vum Text virum Europäesche Geriichtshaff ausgeschwat haten, koumen aus alle politesche Lageren. 324 EU-Deputéiert haten dergéint gestëmmt.
An der “Renew”-Fraktioun, där dem Xavier Bettel seng DP ugehéiert, hu 24 Membere fir d’Iwwerpréiwe vum Text virum Europäesche Geriichtshaff gestëmmt. Déi Meescht dovu koumen aus Frankräich, et waren awer och Vertrieder:innen aus véier aneren Natiounen derbäi.
Déi meeschte Fraktioune ware gedeelter Meenung. Ënner anerem 43 EU-Deputéiert vun der “Europäescher Vollekspartei” a 34 Sozialisten hate sech fir eng Iwwerpréiwung virum Europäesche Geriichtshaff ausgeschwat. Bei deene Grénge waren der 35 dofir, an 12 dergéint. D’Jo-Stëmme koumen all Kéiers aus verschiddenen Natiounen.
De Vott hat eng kontrovers Diskussioun ausgeléist, och zu Lëtzebuerg, wou d’CSV eng Erklärung vun déi gréng gefuerdert hat.
D’Brandmauer géint Riets wier an deem Fall net opgerappt ginn, hat de President vun déi gréng am 100,7-Interview betount. Am Contraire zur EVP géing seng Partei net “systematesch” no Stëmmen um rietse Bord siche goen.
Provisorescht Akraafttriede vum Mercosur-Accord: Lëtzebuerg muss seng Positioun nach koordinéieren
Verschidde Länner setze sech elo dofir an, datt de Mercosur-Accord provisoresch a Kraaft trëtt, éier een Urteel vum Europäesche Geriichtshaff virläit.
Lëtzebuerg hätt do nach keng kloer Positioun, hat de Premier Luc Frieden déi lescht Woch um Bord vum EU-Sommet gesot.
Et wier un der Europäescher Kommissioun, dat ze decidéieren, sot e Méindeg de Xavier Bettel. Sollt d’Kommissioun decidéieren, den Accord virleefeg a Kraaft ze setzen, géing sech d’Lëtzebuerger Regierung net dogéint stellen.
Et gëtt allgemeng geschat, datt et zwee Joer kann daueren, bis een Urteel vum Europäesche geriicht virläit.
"Ech menge wann et ëm d'Kredibilitéit vun Europa geet, dierfe mer elo net zwee Joer laang déi Latäin-amerikanesch Länner zappele loossen an am Fong weisen, datt mer selwer net wësse wat mer wëllen."
Hie géing sech zu Bréissel mat der Agrarministesch doriwwer austauschen, esou den DP-Minister. D’Martine Hansen ass och an der belscher Haaptstad, op der Reunioun vun den EU-Landwirtschaftsminister:innen.