Déi nordesch Länner hu kloer gestallt, datt si net wéilten zesumme mat Russland un enger WM deelhuelen, esoulaang de Krich an der Ukrain nach am gaangen ass. Russland huet vum Internationale Sportsgeriichtshaff d‘lescht Woch d’Erlabnis kritt, beim Tournoi dobäi ze sinn.
Grouss Favoritte kéinte feelen
Den Drock op den internationalen Äishockeyverband wiisst elo, well mat Finnland, Norwegen a Schweede gläich dräi Schwéiergewiichter aus dem Sport net kéinten deelhuelen.
Finnland ass aktuell Weltmeeschter. Norwegen huet 2026 d'Bronzemedail gewonnen a Schweeden dat Joer virdrun.
Zënter 2022 vun internationale Competitiounen ausgeschloss
Déi däitsch Federatioun hat an dem Kontext och net ausgeschloss, d’Organisatioun vun der Weltmeeschterschaft ofzeginn. Och den Haaptsponsor Skoda iwwerdenkt eegenen Aussoen no hire Sponsoring fir d'WM.
Zënter Februar 2022 ass Russland wéinst dem Ugrëffskrich op d'Ukrain vun allen internationalen Tournoien a Weltmeeschterschaften ausgeschloss ginn.