arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst der Dréchent: Aus Flëss a Baachen dierf kee Waasser méi geholl ginn

Klima

|
reading time

1 min

Wéinst der Dréchent: Aus Flëss a Baachen dierf kee Waasser méi geholl ginn

D‘Gewässer wieren am Moment op engem ganz déiwen Niveau well et scho esou laang net méi gereent huet a well och nach vill Waasser op der Uewerfläch duerch d‘Hëtzt verdonst. Dowéinst däerf kee Waasser méi aus de Flëss a Baache geholl ginn, dat deelt d‘Waasserverwaltung mat.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Markus Scholz
(Foto: picture alliance/dpa | Markus Scholz)

Nieft dem nidderegen Waaserstand wieren d‘Baachen a Flëss och méi waarm wéi soss. Dës géif dozou féieren, datt de Sauerstoff am Waasser knapps gëtt. Op verschiddene Plazen wier et elo scho ganz kritesch fir d‘Liewewiesen am Waasser. 

Doduerch géifen och méiglech Verknaschtungen net méi diluéiert ginn. D'Verbuet, fir d'Waasser aus de Baachen a Flëss ze benotzen, trëtt mat Effet immediat a Kraaft, esou d‘Waasserverwaltung.