Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Cassia - High Tones

play_arrow Live
search

/ Wéinst elekronescher Demarche: ITM erwaart sech méi héich Walbedeelegung

Sozialwalen 2024

Wéinst elekronescher Demarche: ITM erwaart sech méi héich Walbedeelegung

A knapp 4.100 Betriber ginn haut d‘ Membere vun de Personaldelegatioune gewielt. Um kuerz no Mëtternuecht wäerten déi éischt Resultater vun der ITM publizéiert ginn. Et gëtt sech erwaart, datt no 48 Stonnen 90 Prozent vun de Resultater wäerte feststoen.

auto_stories

1 min

Den Direkter vun der ITM, de Marco Boly zitt e positiven Tëschebilan. Bis elo wier de Feedback zu dësem System gutt.

"Datt elo mat den Token alles fonctionéiert, dat heescht déi elektronesch Demarchen, déi mer hunn, well et muss ee jo wëssen, dat dat hei déi eenzeg Wale sinn, déi elektronesch kënne gemaach ginn, well et eng riseg Erliichterung ass fir jiddwereen, souwuel fir de Patronat awer och fir d' Verwaltung. Doduerch si mir an der Laf, déi Resultater sou schnell ze stabiliséieren a mir hu lo bis dato nach näischt lo héieren.”

Lauschterenplay_arrow

Bei deene leschte Wale fir d’ Personaldelegatioun gouf et en Taux de Participatioun vu 96 Prozent, dëst d’ Joer erwaart sech d’ ITM en nach méi héijen Taux – dat op Grond vun der Vereinfachung duerch déi elektronesch Demarche, sou nach de Marco Boly.