arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst neiem Fall vun Dermatose nodulaire: 113 Kéi musse geschluecht ginn

Frankräich

|
reading time

1 min

Wéinst neiem Fall vun Dermatose nodulaire: 113 Kéi musse geschluecht ginn

A Frankräich gouf een neie Fall vun Dermatose nodulaire am Departement Ariège festgestallt. Et handelt sech ëm den zweeten Ausbroch vun dëser ustiechender Krankheet am Departement, heescht et an engem neie Bilan.

reading time

1 min

Den Trapp mat 113 Kéi gouf virun zwou Woche géint de Virus geimpft, mee muss haut geschluecht ginn. D‘Impfung wierkt nämlech réischt 21 Deeg no enger Impfung.

Zënter dem Ufank vun der DNC-Epidemie probéiert Frankräich seng Verbreedung anzedämmen. Dat duerch d‘Schluechte vun infizéierten Häerden, Impfungen an Aschränkung vum Transport.