Hie géif net dovun ausgoen, datt et scho bis haut den Owend um sechs Auer op der COP31 eng Eenegung gëtt, fir eng Ofschlosserklärung mat enger Referenz, fir een Erausklammen aus de fossillen Energien, esou den CSV-Politiker haut de Moien am 100,7-Interview.
Een anere groussen Diskussiounspunkt op der Weltklimakonferenz ass e weltwäit Elektrifizéierungszil. Um Dësch läit de Virschlag fir de Stroumundeel um Endenergieverbrauch weltwäit vun elo 23 Prozent op 35 Prozent eropzesetzen.
Haaptsaach op erneierbar setzen
Dem Minister Serge Wilmes no wier dat déi grouss Alternativ zu de fossillen Energien.
"Awer fir Lëtzebuerg ganz besonnesch, mee och fir d'EU, ass et wichteg, datt dat dann och propper Energië sinn. Mir soen do ganz kloer als Lëtzebuerg, dat mussen erneierbar Energië sinn. Dat ass eise Wee, dee mir wëlle goen, dee gi mir jo zu Lëtzebuerg. "
Op d'Fro, ob et eng rout Linn ass, sot de Minister:
"Et ass eng rout Linn awer et ass wichteg, datt et dra steet. Wa mir gären hätten, als Lëtzebuerg, als Europäesch Unioun, datt mir erausklammen aus de fossillen Energien, da muss jo eng Alternativ ugebuede sinn, an dann ass et déi aner Form vun Energien, et ass d'Verstroumung einfach. De Stroum muss ersetzen, de Pëtrol, dee mir verbrennen, de Gas, dee mir verbrennen, d'Kuel, dee mir notzen, da muss méi Stroum produzéiert ginn."
Dobäi misst een oppaassen, datt et erneierbare Stroum ass, esou de Minister.
Fir 2028 nach net decidéiert
Mat Suerge geséich hien den Afloss vun de staatlechen Hëllefe bei fossillen Energien op déi national Klimaschutzziler, huet den Ëmweltminister och am Interview gesot. Wann dës Ziler net géifen erreecht ginn, misst d’CO2-Steier dann eventuell méi séier an d’Luucht geschrauft ginn?
Dat wier eng Spekulatioun, huet de Serge Wilmes op dës Fro geäntwert.
"Mir hunn awer decidéiert fir d'CO2-Steier d'nächst Joer och ëm fënnef Euro nach eng Kéier an d'Luucht ze setzen. Dat ass dann ee Cent op de Liter Diesel a Bensinn, deen nach eng Kéier dobäikënnt, bei jo schonn déi Cents déi an de leschte Joren dobäikomm sinn. Dat mécht ongeféier dann herno um Gesamtpräis vun 2021 u gerechent 12, 13 Cent op de Liter aus. An déi geet also d'nächst Joer och nach eng Kéier méi ee Cent an d'Luucht."
Fir 2028 hätt een dat nach net decidéiert, esou de Serge Wilmes.
"Dat wäert am Laf vum nächste Joer decidéiert ginn. Dat ass eng Mesure, déi ee weider kann ergräifen. Mir wäerten eis d'Optioun och ophalen. Mee elo loosse mir emol 2027 kommen. A mir hunn elo Regimmer réischt decidéiert bis 2030, fir finanziell wierklech eise Leit ze hëllefen an de Prefinanzéierungsmechanismus, domat et vill méi séier geet, eis Matbierger sech keng Gedanke méi brauchen ze maachen, keng Demarche méi selwer musse maachen."
Souwäit de Serge Wilmes, deen de Moment op der Weltklimakonferenz zu Antalya an der Tierkei ass.
Ee méi strategesche Lëtzebuerger Plang fir schrëttweis ganz aus de fossillen Energien erauszeklammen, mat och engem Zäitplang dofir, soll bis spéitstens Juli 2027 verëffentlecht ginn, huet den Ëmweltminister ugekënnegt: dat wier e “sportlechen Timing”. Virdru soll et nach eng Consultatiounsphas mat der Zivilgesellschaft ginn.