Fir den EU-Klimadéngscht Copernicus koum deen neie Rekord net iwwerraschend, well an de leschte Méint an e puer Mieresregioune schonn ongewéinlech héich Temperature gemooss gi waren.
Eventuell den Ufank vun enger neier Phas
Dobäi kënnt den natierleche Klimaphenomeen El Niño aus dem Pazifik, deen all puer Joer den Effet an d’Suitë vum mënschegemaachte Klimawandel nach verstäerke géif. D’Auswierkungen dovu wiere virun allem op der südlecher Hallefkugel ze spieren, mat Dréchenten an Iwwerschwemmungen.
Déi direkt Konsequenze fir Europa géife sech dogéint a Grenzen halen.
Fir de Carlo Buontempo, Direkter vu Copernicus, kéinten déi aktuell Bedingungen op den Ufank vun enger neier Phas hindeiten, déi op en onbekannten Terrain féiere géif. A sengen Aen dierften an den nächste Méint wuel weider Temperaturrekorder gebrach ginn.
Atmosphär bleift méi laang waarm
2024, wéi de leschte Rekord gemooss gouf, hätt den deemolegen El Niño schonn nogelooss, wougéint deen elo eréischt um Ufank stéing.
Duerch héich Temperaturen an den Ozeaner géif d’Atmosphär méi laang waarm gehale ginn an dofir suergen, datt sech méi Energie unheeft, wat de Risk fir Stierm, Wiederen an Iwwerschwemmungen an d’Luucht dreiwe géif.
D’Weltmierer spille fir d’Weltklima eng wichteg Roll. Si huelen awer och de Gros vun der zousätzlecher Hëtzt duerch d’mënschegemaachten Äerderwiermung op, esou den EU-Klimadéngscht Copernicus.