All Mënsch géif säi Bagage matbréngen - d'Woch vun der mentaler Gesondheet dëst Joer gesäit doran eng gemeinsam Responsabilitéit. D’Astrid de Leeuw vun der Ligue de la santé mentale, d’Coordinatrice vun der Woch vun der mentaler Gesondheet, huet am 100,7-Interview erkläert, déi Problemer, déi ee mat sech dréit, géinge méi liicht ginn, wann ee se géif deelen.
FGFC: Service psychologique muss eegestänneg bleiwen
Fir d'FGFC gehéiert déi Thematik och op d'Aarbechtsplaz, an och am kommunalen Déngscht misst doriwwer geschwat ginn. Hirer Meenung no missten déi Beschäftegt och am beruffleche Kontext iwwer hir perséinlech Suergen oder Schwieregkeeten op der Aarbecht kënne schwätzen, an dat ier d'Situatioun eskaléiert, heescht et am Schreiwes.
An deem Kontext erënnert d'Gewerkschaft fir d'Gemengepersonal drun, datt et de Service psychologique de la Fonction publique gëtt. Déi misst weiderhin eegestänneg bleiwen, sollt gestäerkt ginn an op déi spezifesch Besoinen an dem Gemengesecteur agoen. Et wier wichteg, datt d'Personal vertrauen an dës Struktur hätt, datt hir Situatioun vertraulech behandelt gëtt an datt gemeinsam no Léisunge gesicht gëtt, esou nach d'FGFC.