Den Donald Trump hat um Donneschdeg dem Putin seng Aussoe ganz villverspriechend genannt. Sollt de Putin awer de Plang, deen eng Wafferou vun 30 Deeg virgesäit verwerfen, wier dat e ganz enttäuschenden Ament fir d'Welt, esou den Trump.
De Wladimir Putin hat um Mëttwoch an enger Pressekonferenz zu Moskau gesot, Russland wier ënner gewësse Conditioune prett fir eng Wafferou anzehalen, seng maximal Fuerderunge wëllt hien dobäi net opginn.
De Sträit ëm d'Grenzregioun Kursk geet weider
De Wladimir Putin huet dem US-President Donald Trump Merci fir dës Initiativ gesot. Och Russland wier d'accord, datt de Krich misst op en Enn bruecht ginn, allerdéngs wéilt hien en dauerhafte Fridden an net nëmmen eng kuerz Paus vun den Hostilitéiten.
Eng Conditioun, fir dës proposéiert Wafferou ze akzeptéieren, wier och, datt d'Fro vun den ukraineschen Truppen am Gebitt Kursk gekläert géif ginn. Et géif dovun ofhänken, wéi déi russesch Truppen do virugéife kommen. Doriwwer eraus géifen och nach vill Froen opstoen iwwer d'Kontroll vun der Wafferou, esou de Putin viru Journalisten.
Den amerikaneschen Emissär Steve Witkoff huet Moskau um Freidegmoien no enger kuerzer Visitt nees verlooss. Et sollte weider Verhandlungen tëschent den USA a Russland a Saache Wafferou an der Ukrain präparéiert ginn. Iwwer d'Visitt gouf weider näischt bekannt, de Porte parole vum Kreml Dmitry Peskov huet allerdéngs erkläert, hien hätt e Message fir den amerikanesche President matkritt.