Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Beyoncé - Me, Myself And I

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wolodymyr Selenskyj fäert, datt bis zu 100.000 nordkoreanesch Zaldote Russland ënnerstëtze kéinten

Krich an der Ukrain

Wolodymyr Selenskyj fäert, datt bis zu 100.000 nordkoreanesch Zaldote Russland ënnerstëtze kéinten

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj hätt gäre schaarf Sanktioune géint Russland. Hie géif fäerten, datt Moskau weider Ënnerstëtzung vun Nordkorea kritt.

auto_stories

1 min

Foto: European Union

Et wiere schonn 11.000 nordkoreanesch Zaldoten un der Grenz mat der Ukrain ukomm, sou de Selenskyj, deen haut um Dënschdeg zu Bréissel am EU-Parlament iwwer Video zougeschalt ass. Hie fäert, datt bis zu 100.000 nordkoreanesch Zaldote kéinten a Russland komme fir déi russesch Truppen am Krich géint d‘Ukrain ze ënnerstëtzen. 

Haut um 1.000. Krichsdag huet déi ukrainesch Regierung an engem Communiqué betount, datt d‘Land net géif opginn an net géif kapituléieren.

Änlech Téin kommen haut um Dënschdeg och vu Moskau: Russland géif sécher géint d‘Ukrain gewannen.

EU: Iwwer 6 Milliounen ukrainesch Flüchtlingen

Den Haut-Kommissariat fir Mënscherechter vun der UNO geet iwwerdeems dovun aus, datt bis elo op d‘mannst 12.000 Zivilisten an der Ukrain ëm d‘Liewe komm sinn. Vill Mënsche sinn aus der Ukrain geflücht. D‘EU-Länner registréiere 6,2 Millioune Flüchtlingen aus der Ukrain.

Och op russescher Säit ginn et vill Affer. Genee Zuele ginn et net, mee westleche Schätzungen no wiere bis elo méi wéi 115.000 russesch Zaldoten am Krich gefall.