arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eclipse Day zu Ettelbréck: Sträit ëm d'Brëller huet sech mat der Verdonklung geluecht

Sonnendäischtert

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Eclipse Day zu Ettelbréck: Sträit ëm d'Brëller huet sech mat der Verdonklung geluecht

Gëschter war et esou wäit: Déi laang erwaarte Sonnendäischtert war och vu Lëtzebuerg aus ze gesinn. Bis zu 90 Prozent vun der Sonn goufe vum Mound verdeckt. En eenzegaartegt Naturspektakel.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Symbolfoto | © EPA/LAURENT GILLIERON
Symbolfoto (Foto: EPA/LAURENT GILLIERON)

Fir d'Sonnendäischtert zesummen ze erliewe gouf zu Ettelbréck den "Eclipse Day" organiséiert. Dat mat Workshops an Informatiounsstänn ronderëm d’Theema, an natierlech dem Héichpunkt: der Sonnendäischtert selwer.

Gléck mam gudde Wieder

Am Zentrum vun Ettelbréck, bei der Däichhal, huet sech d’Wiss scho géint 17:30 Auer lues a lues mat Leit gefëllt. En Evenement, dat virun allem een Zil hat, esou de Guy Sibenaler vun der Université Populaire, déi den "Eclipse Day" zesumme mat der Organisatioun Nightwise op d’Bee gestallt huet. Mee eigentlech wier et jo d'Natur, déi dëse Spektakel haut organiséiert.

"Mir hunn de Kader ronderëm geschafen, well et eis wichteg war, datt d'Leit net nëmmen déi Eclipse gesinn, mee datt si eeben och kënne Froe stellen. An dofir hu mir hei Atelier."

Wat d’Sonnendäischtert méi no komm ass, wat den Undrang um Site och méi grouss ginn ass. Et war io och eng ganz extra, wéi de Loic Hommel vun Nightwise erkläert. 

"Mir hunn elo Gléck, datt dat elo haut de Fall ass, och bei deem gudde Wieder."

D'nächst Joer wier jo och nach eemol eng partiell Sonnendäischtert vu Lëtzebuerg aus ze gesinn. Déi nächst Komplett, déi ee vun hei aus beobachte kann, ass awer réischt am Joer 2151. 

 "Dat ass dann nach e ganzt Stéckche bis dohinner."

Groussen Undrang och wéinst de gratis Brëller

Den Undrang zu Ettelbréck war grouss an huet fir déi eng oder aner Erausfuerderung gesuergt, virun allem bei engem wichtege Punkt: den Extra-Brëller fir d’Sonnendäischtert ze kucken. 

"Et ass enorm, wat fir eng Mënschemass sech elo hei op deem Site beweegt."

Vill Léit hätte kee Brëll dobäi gehat, well se an de Butteker och schonn zënter Deeg ausverkaaft waren. Um Evenement si gratis Brëller verdeelt ginn. Wéinst dem groussen Interessi sollt dat awer eréischt kuerz virum Ufank geschéien.

Op Picknickdecken a Klappstill hu sech d’Leit fir d’Sonnendäischtert hir Plaz gesicht. D’Virfreed war du schonn ze spieren. 

Eclipse Day zu Ettelbréck | © 100,7
Eclipse Day zu Ettelbréck (Foto: 100,7)

Visiteure sinn op "kreativ" Iddi komm 

Kuerz ier et lassgoe sollt, goufen dunn och déi speziell Brëller verdeelt. Bei den Optiker am Land waren dës schonn Deeg am viraus ausverkaf – an och zu Ettelbréck ware se knapp. Well den Undrang esou grouss war, gouf et net fir jiddereen e gratis Brëll fir d’Sonnendäischtert sécher ze observéieren.

No dem éischte Frust sinn esou munch Leit kreativ ginn an hu probéiert, anere Visiteure hir Brëller ofzekafen.

Mee wéi de Mound dunn ugefaangen huet sech virun d’Sonn ze drécken, gouf och d’Solidaritéit ëmmer méi grouss. D’Leit hunn ugefaangen hir Brëller ze deelen, esou datt jiddereen eng Kéier d’Chance krut, e Bléck op déi verstoppte Sonn ze geheien.

Nom Highlight ass et nach weider gaang

Eng gutt Stonn konnt een déi partiell Sonnendäischtert iwwer Ettelbréck vun der Wiss aus gesinn. 90 Prozent vun der Sonn goufen no an no vum Mound verdeckt. Dann ass se hanner dem Hiwwel ënnergaangen. Op engem grousse Bildschierm konnten d’Visiteuren nach de Rescht vun der Sonnendäischtert suivéieren.

Déi meescht hu sech duerno awer lues a lues op de Wee fir heem gemaach. Mat der Däischtert war d’Evenement awer nach net eriwwer. Bis spéit an den Owend konnt ee sech zu Ettelbréck nach mam Nuetshimmel beschäftegen. 

play_arrow Lauschteren