Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou kënnt d'Drénkwaasser hier?

Essentiell Ressource

Wou kënnt d'Drénkwaasser hier?

Éier et op d'Schaff oder an d'Schoul geet, sprangen déi meescht vun eis séier nach eng Kéier ënnert d'Dusch. Datt aus der Dusch och proppert Waasser eraus kënnt, dat ass hei am Land esou selbstverständlech, datt een sech meeschtens keng Froën driwwer stellt. Mee wou kënnt dat Waasser eigentlech hier, a wéi ass et ëm d'Drénkwaasser-Versuergung hei am Land bestallt?

auto_stories

4 min

headphones

3 min

© Bigstock / mizina play_arrow
(Foto: Bigstock / mizina)

Wann ee vun Drénkwaasser schwätzt, denke vill Leit direkt un de Stauséi zu Esch-Sauer. Hei gëtt d’Waasser aus der Sauer op Eschduerf bei de SEBES gepompelt, wou et an engem komplexen Opbereedungsprozess zu Drénkwaasser gemaach gëtt, erkläert den Direkter vun der SEBES, also dem Syndicat des eaux du barrage d’Esch-sur-Sûre, Georges Kraus.

De SEBES géif an der Moyenne 50 bis 70 Prozent vum Waasser liwweren.

"Firwat op 70 Prozent? D’Gemenge benotzen an d’Syndikater benotzen hier Quellen, sou gutt wéi et geet bal 100 Prozent, a wann dann am Summer méi Verbrauch kënnt, dee gëtt da vum SEBES mat gedeckt."

Nieft dem Stauséi sinn et also déi sëlleg Quellen uechter d’Land, wou d’Drénkwaasser hierkënnt. Anescht wéi d’Waasser aus der Sauer, muss d’Waasser aus de Quellen am normalen net weider traitéiert ginn, iert et ka gedronk ginn.

Lëtzebuerger Waasserverbrauch liicht méi niddereg, wéi europäesch Moyenne

Fir den Ament ass et gutt ëm d’Drénkwaasser zu Lëtzebuerg bestallt. Dat läit och dorun, datt de Verbrauch zu Lëtzebuerg liicht ënnert de europäescher Moyenne läit, seet d’Brigitte Lambert vun der Waasserverwaltung. Pro Dag verbraucht all Bierger an der Moyenne 135 Liter Waasser pro Dag, woubäi d‘Menagen insgesamt 60 Prozent vum ganze gesamten Drénkwaasserverbrauch ausmaachen. 

Am Moment liwweren de Stauséi an d’Quelle genuch Drénkwaasser fir der Nofro gerecht ze ginn. Mee dat dierft an Zukunft anescht ausgesinn. Wuel gëtt haut méi Waasser gespuert wéi fréier, an eigentlech géifen et och nach Sourcë ginn, déi een net exploitéiert, preziséiert d’Brigitte Lambert. Mee net all Quell ass propper genuch fir direkt doraus ze drénken. Meeschtens, well se ze vill Nitrater enthalen.

D'Drénkwaasserversuergung ass och an Zukunft garantéiert

Trotzdeem wäert een och an Zukunft net ëm d’Drénkwaasser zu Lëtzebuerg fäerte mussen. D’Pläng, fir aus der Musel Drénkwaasser ze gewannen, sinn antëscht konkret. An et ginn nach weider Piste fir d’Drénkwaasserversuergung kënnen ze garantéieren, sou de Georges Kraus.

"Déi 3 Piliere vun der nationaler Strategie fir Waasser, Drénkwaasser ze spueren – de Schutz, manner Verbrauch, also spueren, plus eng nei Ressource - sinn do natierlech och een Deel."

Reduktioun vum Verbrauch virum Erschléisse vun neie Quellen

Aus dem Stauséi wäert een an Zukunft net méi Waasser kënnen zéien, wéi dat lo schonn de Fall ass. An och wann d’Musel vill Potential fir Drénkwaasser huet, wier et wichteg, fir d’éischt nom Schutz vun de bestoende Sourcen ze kucken, seet d’Brigitte Lambert. Preventioun wier méi bëlleg an nohalteg wéi d’Opbereedung vu kontaminéiertem Quellwaasser. Doriwwer eraus wier et awer och sou, datt ee vill vun deem Verbrauchten Drénkwaasser eigentlech kéint evitéieren.

"De gréissten Deel vum Verbrauch deen een am Haushalt huet, geet eigentlech fir Notzungen drop, déi net onbedéngt Drénkwaasserqualitéit brauchen. Wéi zum Beispill d’Toilettespülung, wéi d’Bewässerung vum Gaart zum Beispill."

Fir d’Drénkwaasserversuergung vu Lëtzebuerg an den nächste Joerzéngten heescht dat den Experten no, datt d’Qualitéit vum Grondwaasser héich muss bleiwen. Gläichzäiteg misst ee versichen, de Verbrauch vu rengem Drénkwaasser sou niddereg wéi méiglech ze halen, fir souwuel déi bestoend wéi déi zukünfteg Ressourcë sou wäit et geet ze entlaaschten.

Lauschterenplay_arrow