Bei dëser presuméiert Attack, op eng Traffo-Statioun net wäit vu Köln, wier nees probéiert ginn e Kuerzschluss ze provozéieren. Dat ass dës Kéier awer net gelongen. De Géigestand, dee fonnt gouf, wier awer änlech wéi d‘Apparater, déi virgëschter bei enger Attack op e Stroum-Wierk zu Bergheim, westlech vu Köln benotzt gi waren.
Schonn 165 Sabotage-Fäll dëst Joer
En änleche Virfall hat et virdrun och a Brandenburg ginn. An all dëse Fäll gëtt wéinst Sabotage-Delikter géint kritesch Infrastrukturen enquêtéiert. Dëst Joer hätt et bis elo schonn 165 esou Sabotage-Verdachtsfäll an Däitschland ginn. Dat mellen däitsche Medie mat Verweis op Informatioune vum Bundeskriminalamt.