Radioen

On air

Notturno  |  Buck Meek - Joe By The Book

play_arrow Live
search

/ Xavier Bettel: Ambassade zu Tel Aviv just eng vu villen Iddien

Aussepolitik

Xavier Bettel: Ambassade zu Tel Aviv just eng vu villen Iddien

Lëtzebuerg denkt driwwer no, eng Ambassade an Israel opzemaachen an e Kooperatiounsbüro am Westjordanland: Dat huet d’Sam Tanson vun déi gréng e Freiden no enger Reunioun vun der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber erkläert.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Xavier Bettel | © 	MAE play_arrow
Foto: MAE

Si confirméiert domat en Artikel aus dem “Lëtzebuerger Land”, datt den Ausseminister Xavier Bettel plangt, dem Ministerrot ënner Ëmstänn nach virum Enn vum Joer eng Propos virzeleeën.

Op Initiativ hi vun déi gréng gouf dee Punkt nach op den Ordre du jour vun der Chamberkommissioun gesat.

Den Ament just eng Iddi

De Xavier Bettel huet do betount, datt eng Ambassade an Israel eng vun de ville Piste wier, déi een hätt. Eng aner Pist wier een Ambassadeur oder eng Ambassadrice non-résident, oder nach eng Unerkennung vun engem Kooperatiounsbüro sinn.

„Ech sinn amgaangen, just ze kucken, wat déi verschidden Optioune sinn, an do muss ech iergendeen hunn, deen dat gehéiert huet, dee sech sou driwwer gefreet huet, datt en dat der Press huet missen zielen.“

Et wier den Ament eng Iddi, betount de Xavier Bettel. Hie wier iwwerrascht, déi dann an der Zeitung erëmfonnt ze hunn.

Sam Tanson: Mir hoffen op néidegt Fangerspëtzegefill

Fir d’Sam Tanson stelle sech do awer eng ganz Rëtsch Froen, well Israel villes gemaach hätt, wat d’Lëtzebuerger Regierung condamnéiert hätt.

“Mir begréissen d’Iddi, fir zu Ramallah eng Presenz ze hunn. Déi ass momentan effektiv gebonnen drun, datt een dann och misst eng Presenz zu Tel Aviv hunn. Mee mir hoffe wierklech, datt do mat der néideger Virsiicht an dem néidege Fangerspëtzegefill un deen Dossier erugaange gëtt.”

Net, datt dat vun Israel géif gebraucht ginn, fir ze soen, kuckt, déi maachen als Grënnungsmember vun der EU eng Ambassade hei op. An den Ae vum Sam Tanson wier et de falsche Moment dofir.

Lauschterenplay_arrow