An engem oppene Bréif, aus deem déi däitsch Presse-Agence zitéiert, heescht et, dëse System wier vereelzt. Onnéideg Belaaschtunge fir d‘Bierger:inne misste reduzéiert ginn an dat alldeeglecht Liewe vun der ganzer Unioun misst vereinfacht ginn. Mat ënnerschriwwen hunn de Bréif iwwer 60 Deputéiert aus verschiddene Länner a politesche Fraktiounen.
Schonn 2019 hat sech d‘EU-Parlament dofir ausgeschwat, d‘Zäitëmstellung ofzeschafen. D‘Memberstaate konnte sech awer bis elo net drop eenegen, ob dann elo d‘Summer- oder d‘Wanterzäit dauerhaft gëlle soll.