déi gréng wäerten – genee wéi d’LSAP – net fir déi geplangte Steierreform vun der CSV-DP-Regierung stëmmen. Dat huet d’Partei um Freideg annoncéiert. Et wier een zwar fir de Prinzip vun der Individualiséierung, mee net mat der Reform am Allgemengen averstanen.
Ze deier an net solidaresch genuch
D’Sam Tanson widderhëlt am 100,7-Interview déi verschidde Grënn, firwat hir Partei d’Steierreform net ënnerstëtze wäert. Virop ass do de Präis: Eng Milliard Euro soll d’Reform pro Joer kaschten. déi gréng kritiséieren, datt keng Géigefinanzéierung virgesi wier.
Doriwwer eraus hätt een d'Reform méi gerecht kënne gestallten, mengt déi fréier Justizministesch. Et géinge virun allem d’Leit aus der Steierklass 1 grad wéi verschidde Menagen aus der Steierklass 2 entlaascht ginn, net awer d’Leit aus der Klass 1a.
Et hätt e laang parteiintern iwwer d’Reform diskutéiert an zur Conclusioun komm, datt et net déi richteg Reform zum net richtegen Zäitpunkt wier.
Falsch Reform zum falsche Moment
De Gilles Roth sot rezent bei RTL, datt d’Reform dat éischt Joer keng eng Milliard Euro, mee 880 Milliounen Euro kaschte wäert. Och d’Recettë vum Staat wiere par rapport vum Joer virdru geklomm. Ass also awer méi finanzielle Spillraum do wéi geduecht?
D’Sam Tanson léisst déi Argumenter net gëllen. D’Reform géing egal wéi op de Käschtepunkt vun enger Milliard Euro pro Joer histeieren. An net just d’Recetten, mee och d’Depensë géinge staark klammen. D’Land kéim der faméiser Grenz vun 30 Prozent Staatsverscholdung ganz no.
“Mir sinn a komplizéierten Zäiten, mir hu riseg Erausfuerderungen ze meeschteren, mee dofir brauch ee budgetäre Spillraum. Et ass net responsabel eis an deenen Zäiten dee budgetäre Spillraum fortzehuelen.”
D’Sam Tanson nennt de Logement, d’Klimakris an de Gesondheetswiesen als Beräicher, déi an den nächste Joren och finanzéiert musse ginn.
Doriwwer eraus wier net just hir Partei där Meenung, och aner Parteie géingen dat esou gesinn. Esouguer erfuere Finanzpolitiker wéi de Jean-Claude Juncker oder de Jeannot Waringo wieren der Meenung, datt et net de richtege Moment fir esou eng Reform wier, warnt déi gréng Deputéiert.
Zousätzlech Besteierung vun den héije Revenuen als Deel vun der Géigefinanzéierung
déi gréng maache sech och staark dofir, datt Leit mat engem méi héijem Akommes méi héich besteiert ginn. Dat wier net just méi gerecht, mee kéint och als Deel vun der Géigefinanzéierung gesi ginn, seet d’Sam Tanson.
Ausserdeem géing et eng grouss Diskrepanz ginn tëschent der Betribsbesteierung an der Persounebesteierung. Dat selwecht trëfft op d’Kapitalbesteierung an d’Akommesbesteierung zou.
Och do gesinn déi gréng Potential fir méi Suen eranzekréien. De Gilles Roth hätt 2022 als Oppositiounspolitiker esou eng Méiglechkeet och schonn an de Raum geworf, esou d’Sam Tanson.
Genee chiffréiere kéint een net, wat ee mat esou Mesuren zousätzlech an d’Keess kéint kréien, seet d’Sam Tanson. Eleng eng méi héich Besteierung vun de ganz héije Revenue kéinten awer “sécher e puer Millioune” méi abréngen.
Solidaritéit méi honoréieren
Der Sam Tanson hir Partei freet och eng méi geziilt Entlaaschtung fir Famillje mat Kanner: Am Ausland géing ee gesinn, datt déi meescht Länner och um Wee vun der Individualiséierung sinn, mee de facto d’Element vun der Solidaritéit an der Famill consideréieren.
De Facteur Kand gëtt an der Steiertabell consideréiert. Dowéinst ass den Abattement petit enfant agefouert ginn: Dee spillt awer just bis d’Kand 3 Joer huet.
“Mee déi Argumenter, fir dat anzeféieren, déi gi fir eis och doriwwer eraus, bis d’Majoritéit vum Kand. An aus dem Abattement hätt missen e Crédit d’impôt ginn.”
D’Solidaritéit u sech wier nach e weidere Facteur. D’Gesellschaft géing ëmmer méi individuell ginn, seet d’Sam Tanson. Dofir misste solidaresch Akten och méi unerkannt ginn.
“Wann ee fir en Aneren do ass, dass een dann dat och kann an der Steiertabell honoréieren. Et hätt ee sech kéinten e Crédit d’impôt virstellen.”
Iwwer esou Saachen hätt hir Partei sech op d’mannst eng Diskussioun gewënscht. Dat war awer net de Fall. Mee de Finanzminister hätt eng Ouverture gemaach, betount d’Sam Tanson: Hie wéilt d’Reform elo aféieren, mee ka sech awer punktuell Upassunge spéiderhi virstellen.
Drone-Virfäll: Onverständnis wat déi rezent Pressekonferenz ugeet
Déi politesch Aktualitéit zu Lëtzebuerg ass och vun de rezenten Drone-Virfäll markéiert ginn. Och do deelt d’Sam Tanson d’Meenung vu ville Leit, datt d’Regierung sech d’Pressekonferenz vun en Donneschdeg hätt kënne spueren.
“Ech weess net wat d’Zil vun der Regierung war.”
Et wier extreem wichteg, datt een als Regierung zur Berouegung vun der Populatioun bäidréit. Si géing och absolutt novollzéien, wa just wéineg Informatiounen zur Verfügung stinn.
Mee wann een näischt Neies ze soen hätt, dann hätt ee vläit besser net ze kommunikéieren, esou déi gréng Deputéiert.
Mikhail Fridman: EU-Saktiounsmechanisme si "verwässert" ginn
Zur Causa Fridman - dem russesche Milliardär, deen op Drock vun ënner anerem Lëtzebuerg hi vun der EU-Sanktiounslëscht geholl ginn ass – sot d’Sam Tanson, datt si “perplex” gewiescht wier.
D’Regierung hätt gesot, datt dat näischt un der Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ännere géing. Mee firwat wieren esou Sanktiounen da schliisslech do, freet d’Sam Tanson.
Wann ee Leit punktuell vun där Lëscht huele géing, da géing dat de Sanktiounsmechanismus “verwässeren”, fäert déi fréier Justizministesch. Dat géing Leit wéi de Fridman just dozou encouragéieren, genee wéi hie virzegoen.
déi gréng hunn eng Demande beim Premier hannerluecht, fir datt dee weider Explikatiounen zu deem Fall ka ginn. Et wieren nach vill Froen op, esou d’Sam Tanson. Ënner anerem déi Lëtzebuerger Positioun par rapport zu de ganze Sanktiounsmechanismen.