Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel?
D'Hannergrënn vun enger Affär, an där zimmlech alles schifleeft, wat nëmme ka schiflafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel vum 21. Abrëll un an 8 Episoden.
Dës Recherche vum radio 100,7 leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht.
Lauschtert de Podcast "Zeenewiessel" an eiser Mediathéik. Dir fannt den Zeenewiessel Podcast och op Spotify an op Apple Podcasts. Abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.