Ënner deenen 1,3 Millioune wieren op mannst 350.000 Doudesaffer. Moskau géif méi Männer a Fraen afferen, wéi an iergendengem europäesche Konflikt zënter dem Zweete Weltkrich, esou d‘Nato.
arrow_back_ios
Noriichten
International
|Zejoert si ronn 400.000 russesch Zaldoten ëm d'Liewe komm, schätzt d'NATO
D‘Nato schätzt, datt déi russesch Verloschter am Ugrëffskrich géint d‘Ukrain d‘lescht Joer weider substanziell geklomme sinn. Ronn 400.000 russesch Zaldote wieren d‘lescht Joer ëmkomm oder blesséiert ginn. Domat geet déi Zuel op 1,3 Milliounen erop.
Russeschen Zaldot (Foto: picture alliance / globallookpress.com | Bulkin Sergey)