Knackeg Paprika, Kornischongen an Tomaten – verschidde Geméiszorte profitéieren dëst Joer esouguer vun de ville Sonnestonnen an der Hëtzt.
Lokal Wiedere kënnen zum Problem ginn
Um "Krautgaart" zu Stengefort hunn d’Hëtzt an d’Dréchent, d’Geméisproduktioun dëse Summer insgesamt nëmme wéineg beaflosst. Fir de Claude Petit, Patron vum Betrib, läit dat ënner anerem dorun, datt de Betrib säi Buedem an de leschte Jore gezielt op esou Konditioune virbereet huet.
"D’Grousswiederlag war bei eis elo ganz am Géigendeel vun engem Problem. Ech géif esouguer bal soe positiv, déi vill Sonnestonnen, déi mer haten. Vu datt mer de Buedem gutt opgebaut hunn iwwer déi lescht Joren, kënne mer och netzen an de Buedem späichert dat, ouni datt mir iwwerdriwwe vill nëtzen. Wat problematesch bei eis ka ginn si lokal Wiederereignisser."
Dofir gëtt de Buedem net ëmgegruewen, mee mat Kompost ofgedeckt an duerch Hecken a kleng Strukture ronderëm d’Felder geschützt. Wann et reent, soll d’Waasser esou besser am Buedem bleiwen an net direkt erëm oflafen. Och bei Schädlinge probéiert de Betrib iwwer eng grouss biologesch Diversitéit méi resistent ze ginn.
Problemer variiéiere jee no Regioun
Ganz verschwonne sinn d’Problemer domat awer net. Besonnesch bei dréchenem Wieder kënne verschidden Insekten, wéi Äerdfléi, méi aktiv ginn.
Wéi staark ee Betrib dovu betraff ass, ka jee no Regioun ganz ënnerschiddlech sinn. Beim solidaresche Betrib "Vum Gréis" gi Porrette gewäsch, geschnidden, a fir d‘Geméiskëschte preparéiert.
Fir d’Geméis vun Bierchem war dës Saison däitlech méi komplizéiert. De Kabes ass deelweis komplett ausgefall, verschidde Kulturen hu missten nei ugeséint ginn, et huet méi misse bewässert ginn an déi geschwächte Planze ware méi ufälleg fir Schädlingen, seet den Yves Diederich, Patron vum Betrib.
"Zënter Mee bass du mat denger Ekipp an engem Feierläschmodus, wou s du däi Standardprogramm net duerchkriss, well s de iergendwou eng Kultur rette muss, Waasser féieren oder Insekteprotektioune maachen. Nei séinen, well eng ganz Kultur gefriess ginn ass. Dat sinn am Fong déi grouss Erausfuerderunge gewiescht vun dëser Saison."
Beim "Vum Gréis" kënnt awer nach e weidere Problem dobäi. De Solawi ass mat senger Produktioun op 105 Memberen ausgeriicht. Dës Saison ginn all Woch awer just 95 Këschte preparéiert, zielt den Yves Diederich.
Kee Puffer duerch manner Recolte
An der Corona-Zäit hätt de Modell vun der solidarescher Landwirtschaft däitlech méi Zoulaf gehat. Zënterhier wier deen Trend awer nees ofgeflaacht, an et wär fir d’Solawi-Betriber méi schwéier, nei Memberen ze gewannen, stellt den Yves Diederich fest.
"Zéng Abo-Këschte feelen u sech. Dat si fir eis ronn 12.500 Euro, déi an der Keess einfach mol feelen. Dat ass e Mount Salaire fir déi ganz Ekipp zum Beispill."
Normalerweis gëtt beim "Vum Gréis" e bëssen iwwer de Besoin vun de Memberen eraus produzéiert. De Surplus gëtt ënner anerem u Maison Relais oder aner lokal Strukture verkaaft a bréngt dem Betrib zousätzlech Recetten.
Grad dee Puffer, huet dëst Joer duerch déi méi schwiereg Recolte, gréisstendeels gefeelt. Am Ganze schwätzt den Yves Diederich vun der Solawi "Vum Gréis" vu mindestens 20.000 Euro u feelende Recetten.
Weidert Standbeen zouleeë fir finanziell Sécherheet
Datt d’Abonnementer bei der solidarescher Landwirtschaft eng zentral Roll spillen, bestätegt och de Claude Petit vum "Krautgaart" zu Stengefort. Bis ewell hätt hien zum Gléck kaum Réckgäng ze verzeechnen.
Trotzdeem wëllt de Geméisbauer virsuergen an nieft de Geméiskierf nach aner Akommesméiglechkeeten opbauen.
"Mir maachen 130 Kierf. Mir probéieren awer och grad en anert Standbeen nach zousätzlech opzebauen. Dat ass eng Champignonsproduktioun, soudatt mer net eleng vun der solidarescher Landwirtschaft ofhängeg sinn, mee dass dat eis eng gewësse Sécherheet bitt. Ee fest Akommes."
Och de Betrib "Vum Gréis" wëllt no dëser Saison kucken, wéi si hier Recettë méi breet opstelle kënnen. Wéi genau, dat well den Yves Diederich nach net verroden.