arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zu Esch ginn haut d’Nazi-Schmierereie beim Vëlodukt mat Faarw iwwerdeckt

Ponts et chaussées

|
headphones

1 min

Zu Esch ginn haut d’Nazi-Schmierereie beim Vëlodukt mat Faarw iwwerdeckt

Nationalsozialistesch Symboler sou wéi ee policefeindleche Sproch wiere schonn op d’mannst Mëtt Juli am Trapenhaus vum Escher Vëlodukt opgetaucht. Wéi d’Wort mellt, hätt den Escher CSV-Buergermeeschter Christian Weis sech dru gestéiert déi Graffitien eréischt am September ewechmaachen ze loossen.

headphones

1 min

E Vertrieder vu Ponts et chaussées huet eis confirméiert, datt et der Gemeng Esch “extrem onangenehm” war. Deemno hätt ee sech duerfir entscheet d’Graffitien haut mat Faarf z’iwwerdecken. Am September soll eng extern Firma sech ëm de Sablage këmmeren an domat d’Schmierereie ganz ewech ze kréien.