Ronn 1.000 Studente kommen all Joers an enger Studentewunneng vun der uni.lu ënner. Domat wier ronn 15 Prozent vun der Demande no Logemente bei de Studenten ofgedeckt, heescht et an enger schrëftlecher Äntwert. Dat géif der europäescher Moyenne entspriechen.
D’Uni géif also hir Aufgab erfëllen, fënnt de Karim Gérin, Porte-parole vun der Vereenegung vun der Studenten zu Lëtzebuerg, UNEL.
“Mee mir sinn awer am Vergläich zu deenen aneren Nopeschlänner an all deenen anere Länner relativ kleng. Dat heescht, mir kéinten u sech nach vill méi Capacitéite fir déi Studentewunnengen hierginn.”
"Staat muss méi agräifen"
D'Verantwortung fir méi Studentewunnengen ze schafe gesäit de Karim Gérin awer net bei der Universitéit.
“Mir sinn zum Beispill och der Meenung, datt de Staat do och einfach muss méi ënnerstëtzen a méi agräifen, well et ass jo net anescht méiglech. Dat ass déi Plattform, déi et am meeschten Offer kéint kreéieren, am meeschten Ënnerstëtzung kéint zouweisen.”
Der Regierung wier d’Problematik bekannt, esou d’DP-Héichschoulministesch Stéphanie Obertin.
D’Wunne wier generell e Problem zu Lëtzebuerg, deen doduerch och d’Studente géif betreffen. Si wéilt d’Situatioun och net kleng schwätze, mee ganz akut wier de Problem an hiren Aen awer net.
“An deene leschten zwee Joer hu mir net erugedroe kritt, datt et elo en extreem grousse Problem wier, datt mir net kéinten d'Studente logéieren. Et ass am Fong, souwäit ech gesot kréien, eng Léisung fonnt gi fir Studenten, déi och Wunnenge gebraucht hunn.”
uni.lu verweist op Alternativen
Eng Léisung heescht net ëmmer eng Studentewunneng vun der uni.lu. D’Uni verweist scho bei der Kandidatur fir eng Wunneng drop, datt d’Studenten no Alternative solle kucken.
Eng dovun ass WeConnect – e Projet, dee probéiert Studenten en Zëmmer bei eelere Leit ze vermëttelen. Eleng dëse Summer hätte si méi wéi 900 Demandë kritt. Just ronn 70 Stéck hätte si en Zëmmer kënne ginn, seet d’Clémentine Offner, Matgrënnerin vu WeConnect.
“De Problem hei ass zemools, datt wann een net bei der Uni eppes kritt oder bei eis, ass et immens schwéier fir déi Jonk, déi zum Beispill keen CDI hunn, well dat ass déi grouss Hürd bei all deenen aneren Agencen.”
Bürokratesch Hürde stinn och am Wee
Fir d’Clémentine Offner wier net just méi Wunnraum eng Léisung. Et misst een och iwwer administrativ Vereinfachungen nodenke fir alternativ Wunnformen ze erméiglechen.
Si nennt d’Beispill vun engem Formulaire, deen een Hôte huet missten op der Gemeng ausfëlle fir e Student bei sech opzehuelen.
“Da gëtt do gefrot, ob et en Eclairage de sécurité gëtt, wann d'Luucht am Gank net funktionéiert. Dat huet een net bei sech doheem. Do si verschidden Demarchen einfach net ugepasst fir dat, wat mir maachen, well da gëtt et mam Co-Locatiounsrecht an esou verglach. Et ass jo awer net eng normal WG.”
2029 sollen nei Zëmmer disponibel ginn
Am 100,7-Interview wollt d’Héichschoulministesch net dorop agoen, ob si déi Pist verfollegt. D’Stéphanie Obertin huet drop verwisen, datt et en Austausch mat anere Ministèrë géif gi fir d’Wunnsituatioun vun de Studenten zu Lëtzebuerg ze verbesseren.
Iwwerdeems wieren eng Rei Projeten ënnerwee fir méi Wunnraum speziell fir Studenten ze schafen.
“D'Uni ass am Austausch mam Ministère fir Logement, wou et och do scho ganz konkreet Projete ginn, wéi och mat der Gemeng Esch, wou et och konkreet Projete gëtt fir Studentenzëmmeren, mee bis 2029 gëtt do ugepeilt, fir datt déi disponibel wieren.”
Ronn 600 Studentewunnenge sollen an den nächste fënnef Joer entstoen. Ënner anerem um Site "Rout Lëns" zu Esch, wou bis 2029 145 Studentewunnenge gebaut ginn.
E wéineg méi séier gëtt d’Logementsoffer fir Studenten an der Stad erweidert. D’Residence "Les Dominicaines" um Lampertsbierg soll am Oktober no Renovatiounsaarbechten nees opgoen an huet Plaz fir 71 Studentewunnengen.
Dat dierft d’Wunnengssich fir déi meescht Studenten net vill méi einfach maachen. Bis datt d’Offer e gutt Stéck wiisst, bleift d’Sich no engem Daach iwwer dem Kapp fir si eng vun den éischten Erausfuerderunge vum Studium.