Zu Metzange, Lonkech an Diddenuewen soll jeeweils ee P&R entsoten. De Centre de maintenance soll op Montigny-lès-Metz kommen.
Dëst wier alles wichteg fir eng gutt Collaboratioun ze hunn an den ëffentlechen Transport fir Frontalièren ze verbesseren, sou d'Yuriko Backes am 100,7-Interview.
"Et geet drëms, (...) dass mir investéieren a konkreet Projeten, fir d'Mobilitéit transfrontalière eeben ze verbesseren. Do gëtt et Protokollen. Déi sinn 2018 an 2021 ënnerschriwwe ginn. An do hu mir de Point gemaach. Lëtzebuerg investéiert, co-finanzéiert Projete vun 230 Milliounen Euro. Zesumme mat Frankräich sinn dat dann, fir Transfrontaliers-Projete 460 Milliounen Euro."
An der Ausschaffung vun de Mobilitéitspläng géif een dann och ëmmer iwwer d’Grenzen eraus plangen, well eng gutt Ubannung fir d Frontaliere wichteg wier, sou nach d’ Yuriko Backes.
D’Investissementer sollen dann och an Zukunft héich gehale ginn. Dat virun allem am Schinneverkéier, dorënner och eng nei Gare zu Beetebuerg.