Radioen

On air

Notturno  |  Artaban - Chevrotine

play_arrow Live
search

/ "Zu gudder Lescht …"

Den Acteur Fernand Fox ass dout

"Zu gudder Lescht …"

De Fernand Fox ass dout, dat mellt RTL. Hie stoung bal 60 Joer op de Brieder, déi d’Welt bedeiten, an ass elo am Alter vun 90 Joer gestuerwen. De Grand publique behält hien ënner anerem an Erënnerung fir seng vill lëschteg Rollen, dobäi huet de Fernand Fox virun allem och als Charakterschauspiller a méi eeschte Rollen iwwerzeegt.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

Fernand Fox | © Wikimedia Commons play_arrow
Foto: Wikimedia Commons

"Zu gudder Lescht - dach déi Bescht!":  Dat ass dee Slogan, mat deem Generatioune vu Leit den Acteur Fernand Fox verbannen. Et war déi jorelaang Publicitéitscampagne fir d’Assurance "La Luxembourgeoise". Televisiounsspotten, an deenen de Fernand Fox nieft dem verstuerwenen Marc Olinger opgetrueden ass. Filmercher, déi Kult goufen.

De Fernand Fox huet zu Liewenszäiten e bësse bedauert, datt hien dacks just mat deene Spotte verbonne gouf. Well hien huet eng erfollegräich Karriär op der Theaterbün gemaach huet, dat a komeschen, mee och méi eeschte Rollen.

D’Brieder, déi d’Welt bedeiten

Gebuer 1934 zu Bollendorf Pont huet de Fernand Fox e sougenannten anstännege Beruff geléiert an huet op der deemoleger Interbank a spéider an der Direktioun vun der ARBED geschafft.

An de 50er Joren huet hien dunn ugefaangen Theater ze spillen. Den deemolege groussen Theatermann Ugen Heinen huet de Fernand Fox an den Ensembel "Lëtzebuerger Theater" geholl. 10 Joer laang war de Fernand Fox Member vun där Trupp an huet ënner anerem Revuë matgespillt.

Mei eescht Rollen huet hie vun de 70er Joren un am Kasemattentheater gespillt. Als wichtegsten Ament vu senger Karriär huet de Fernand Fox dobäi de satireschen Drama "Emigranten" vum Slawomir Mrozek gesinn. Zesumme mam Tun Deutsch huet hien Ufank vun de 70er Joren dat Stéck zu Salzburg gespillt a vill Luef vun der internationaler Kritik akasséiert.

Parallel ass de Fernand Fox a Sketcher fir den "Hei Elei” sonndes mëttes opgetrueden, mat Leit ewéi Hary Hagen a Jängi Hopp. Déi Zäit goufen och verschidde Lidder enregistréiert, ewéi "Oh du léif kleng Zigarette“. De Fernand Fox hat selwer iwweregens Joerzingten ëmmer eng Zigarett am Grapp.

An 70er an 80er Jore war hien awer och Member vum Ensembel vun der Nationallotterie. D‘Lotterie ass an där Zäit eemol de Mount op enger anerer Plaz am Land gezu ginn. Begleet gouf dat Ganzt vun engem Varietésensemble: Nieft dem Fernand Fox waren et Leit ewéi Colette a Fernand Wark, Marcel Jander, Aly Bintz oder Hary Haagen.

"D’Theaterstuff": Den Zeenentreff

Ufank den 80er war Stolkris. De Fernand Fox huet e couragéierte Schrëtt gemaach a bei der ARBED gekënnegt. Hie wollt méi Zäit hu fir Theater ze spillen.

Dernieft huet hien 1981 um Glacis e Bistro opgemaach, déi legendär "Theaterstuff“. 9 Joer laang – bis zu senger Pensioun - stoung hien hannert dem Comptoir an huet do awer och Cabaret gespillt. Dëse Bistrot war den Zeenentreff vu Kënschtler, Politiker a Journalisten.

Déi lëschtegst Zäit

Enn den 90er war de Fernand Fox Member vum sougenannten  “Fräie Vollekstheater Lëtzebuerg”, zesummegesat aus Josiane Peiffer, Marc Olinger, Luc Feit an eebe Fernand Fox. Si hunn – ënnert der Regie vum verstuerwene Frank Feitler -  mat groussem Succès eng Partie Lidderowender mat Texter vun Auguste Liesch, Putty Stein a Pir Kremer op d’Bün bruecht. “Et war meng lëschtegst Zäit am Theater”, sot de Fernand Fox an engem Interview fir säi 85. Gebuertsdag. 2011 hat hien dunn e Schlussstréch ënnert seng Theaterkarriär gezunn.

Virun der Kamera

De Fernand Fox stoung awer och virun der Kamera. Ënner anerem war hien 1985 an der Fernseeproduktioun "Déi Zwéi vum Bierg“ als Collaborateur ze gesinn. De Fernand Fox huet och a villen Andy Bausch Filmer matgespillt. Zum Beispill an "Le Club des Chômeurs“ vun 2003 oder och an"„Rusty Boys“ vun 2017. An an der RTL Sitcom "Wiemseesdet?“ vun 2011 war de Fernand Fox de Bop.

"Succès Fox"

2014 huet d’Désirée Nosbuch de Film “Succès Fox” erausbruecht, an deem de Fernand Fox als Privatmënsch gewise gëtt, mee och e Réckbléck op seng laang Karriär gemaach gëtt.

2019 ass de Fernand Fox op Nationalfeierdag vum Grand-Duc Henri mam "Ordre de mérite" ausgezeechent ginn. Dat fir seng Verdéngschter fir déi Lëtzebuerger Kultur.

Aus dem 100,7-Archiv

Visitekaart aus dem Joer 1999

Am Joer 1999 war de Fernand Fox am Gepsréich mam Jean Portante.

Lauschterenplay_arrow

Op Besuch beim Fernand Fox am Joer 2004

2004 huet de Claude Mangen dem Fernand Fox fir de Gebuertsdag gratuléiert. 

Éischten Deelplay_arrow

Zweeten Deelplay_arrow

2008: Live am Theater

«De schéine Poli a seng Frënn»


E lëschtegen Owend opgeholl den 29. Juni 2008 am Kader vu «Musek am Syrdall» mam Josiane Peiffer, Fernand Fox, Marc Olinger, Luc Feit, Regie: Frank Feitler.

Lauschterenplay_arrow