D‘Krankheet ass fir de Mënsch net geféierlech, mee virun allem fir Schof a Ränner potentiell déidlech. D'Krankheet gëtt iwwer infizéiert Mécken iwwerdroe.
Ongeféierlech fir de Mënsch
Et kéint een dovun ausgoen, datt d’Blozongekrankheet sech déi nächst Deeg a Woche massiv verbreede wäert, sou heescht et vun der Veterinärsinspektioun. Aschränkunge beim Handel géifen et awer dowéinst bal keng ginn.
Impfstoff ass ënnerwee
An de Länner mat deene Lëtzebuerg handelt, an der Haaptsaach d’Belsch a Holland, wier d‘Blozongekrankheet scho méi laang ukoum. Deemno géifen et keng Aschränkunge beim Export ginn, seet de Carlo Dahm vun der Veterinärsinspektioun.
"Dat heescht mir sinn eigentlech lo am selwechte Boot, a kenne mat deenen zwee Länner, an och mam Norde vun Däitschland, wou d’Krankheet sech och scho grouss ausgebreet huet, kenne mer ouni weider Bedingunge virun Handel bedreiwen."
An deenen nächsten Deeg wäert en Impfstoff zu Lëtzebuerg ukommen, dee spezifesch géint deen aktuelle Serotyp vum Virus, de Serotyp 3, wierkt. Awer och dee wäert keng honnertprozenteg Immunitéit garantéieren kënnen.