A Griicheland sinn d‘Bëschbränn westlech vun Athen weider ausser Kontroll. Griichesche Medie no, kämpfen d‘Pompjeeën op zwou Fronte fir ze verhënneren, datt d‘Feier sech a Richtung vun dergriichescher Haaptstad ausbreet.
D‘Feier huet bis elo eng 12.000 Hektar zerstéiert. Haut ass an der betraffener Regioun manner staarke Wand gemellt. Et bleift awer dréchen a waarm.
D'Flamen hu bis elo fënnef Doudesaffer gefuerdert
Iwwerdeems leeft eng Enquête nodeems gëschter zwee Läschhelikopteren an der Loft aneneegeknuppt waren. De Pilot a Co-Pilot vun engem vun den Helikoptere koumen ëm d‘Liewen.
Am aneren Helikopter hunn déi zwee Besatzungs-Memberen iwwerlieft. Mat deem Accident ass d‘Zuel vun den Doudesaffer bei de Bëschbränn a Griicheland op fënnef geklommen. D‘lescht Woch ware schonn dräi Pompjeeën a Griicheland ëm d‘Liewe koumen.
Awunner:innen a Frankräich dierfen zeréck an hir Haiser
D‘Feier am franséischen Departement Gironde ass zënter gëschter ënner Kontroll. Haut däerfe weider Dausenden Awunner:innen zu Lège-Cap-Ferret a Le Porge zeréck an hir Haiser goen. Dat gëllt awer net fir d‘Campingen.