Iwwer d’Annonce, zimmlech um Ufank vun der Show haut den Owend drun ze kommen, huet sech d’Laura Thorn net esou gefreet, nodeems si an der Halleffinall en Donneschden nach als ee vun de leschten Acts opgetruede war. Si ass der Meenung, et wier ee klenge Virdeel, méi zum Schluss drun ze kommen, well sech de Public, dee jo mat ofstëmmt, da besser un den Optrëtt “erënnert”. Fir si eng markant Ëmstellung.
“Jo, ech war net esou frou, muss ech soen, och well ech wierklech tëschent zwee ganz staarke Leit sangen, Norway an Estonia, dat si jo wierklech och zwee Favoritten.”
Trotzdeem geet si déi lescht Etapp vum Museksconcours elo entspaant a mat manner Drock, wéi nach virun der Halleffinall, un. D’Haaptzil – an d’Finall ze kommen – wier gepackt. De Rescht gesäit d’Laura Thorn als Belounung no enger intensiver Zäit.
“Ech mengen, lo si mir an der Finall. Egal wéi de Ranking ass, ech sangen an der Finall. Ech hunn déi ganz Aventure bis zum Schluss gemaach a ganz éierlech, ausser fir de Gewënner, ech mengen do no déi aner Plazen, ob et zwee oder 26. ass, ännert näischt un dengem Liewen. Dofir hunn ech grad guer keen Drock méi. Ech sinn do wierklech relax.”
Enttäuschung beim CHAiLD
Net an der Finall den Owend ass den zweeten indirekte Lëtzebuerger Bäitrag vun dësem Joer, nämlech Tschechien, mam Lidd “Kiss Kiss Goodbye”, un deem den Adriano Selva, alias CHAiLD matgeschafft hat. Seng Enttäuschung huet de Lëtzebuerger Co-Songwriter net verstoppt.
“Mir ware gëschter enttäuscht. Haut sti mir rëm op. A mir gi weider. Ech mengen, dat ass déi éischt Kéier, wou e Lëtzebuerger, mengen ech, e Lidd fir een anert d'Land geschriwwen huet. Ech si mega stolz op mech. Mir sinn all mega stolz op den Adonis. Hien huet fir mech e mega gudden Job gemaach. Et nervt, well si sou vill Suen a sou vill Zäit investéiert."
Genee 38 Mol war Lëtzebuerg schonn um ESC vertrueden an huet 5 mol gewonnen. Domat gehéiert Lëtzebuerg an der Geschicht vun der Eurovisioun zu deene Länner, déi am heefegste gewonnen hunn.