Wéi Le Monde a France Inter mellen, gouf eng Plainte géint d’Gesondheetsministesch Catherine Vautrin, de Minister fir den Zougang zur medezinescher Versuergung, de Yannick Neuder an och d’Bildungsministesch a fréier Premier Elisabeth Borne agereecht. Dat vun engem Kollektiv u Persounen, dorënner Klinikscheffen, medezineschem Personal an Hannerbliwwe vu Persounen aus dësem Secteur, déi sech d’Liewe geholl hunn. De geschiedegte Parteien no, géif et eng Epidemie u Suiciden an den ëffentleche Klinicke ginn, ausgeléist duerch déi strapazéierend a prekär Aarbechtskonditiounen an dësen.
Ee Kliniksdirekter aus dem Norde vu Frankräich sot géigeniwwer Le Monde, och hie wier bal an de Suizid gedriwwe ginn, hien hätt eng Klinik iwwerholl, déi am Gaange war zesummenzebriechen. Mobbing, Iwwerstonnen, Aggressiounen a schlecht Bezuelung géifen d’Personal an de Burnout dreiwen.
D'Affekotin stäipt sech op Jurisprudenz. Onkloer, ob et zu Prozess kënnt
D’Affekotin vun dëser Plainte huet zënter iwwer engem Joer probéiert sech un d’Regierung ze adresséiere fir op d’Mëssstänn opmierksam ze maachen, krut awer keng Äntwerten. Dofir elo eng Plainte géint déi responsabel Regierungsmemberen. Dës berifft sech op d’Jurisprudenz vun engem Urteel aus dem Januar iwwer d’strofrechtlech Responsabilitéit vun de Cheffe vun Entreprisen an dem "harcèlement moral institutionel". Der Affekotin no misst een déi zoustänneg Regierungsmemberen hei als Chef d’entreprise ugesinn. Eng Kommissioun préift elo d’Plainte. Ob et zu engem Prozess kënnt gëtt wuel am Hierscht entscheet.