Radioen

On air

Notturno  |  Buck Meek - Joe By The Book

play_arrow Live
search

/ Zwou Organisatioune fuerderen Transparenz iwwer staatlech Ausgabe fir Besuch vum Poopst

AHA a Liberté de Conscience

Zwou Organisatioune fuerderen Transparenz iwwer staatlech Ausgabe fir Besuch vum Poopst

D'Organisatiounen AHA Lëtzebuerg a Liberté de Conscience äussere Bedenken iwwer dem Poopst seng Visitt e Donneschdeg zu Lëtzebuerg. An engem gemeinsame Communiqué schreiwen si - Presseinformatiounen no wier de Poopst perséinlech vum Grand-Duc Henri invitéiert ginn, an dat géif Froen opwerfen.

auto_stories

1 min

Poopst Francois | © picture alliance / Photosho
Foto: picture alliance / Photosho

Dorënner déi, op de Grand-Duc net perséinlech fir d'Käschte vun der Visitt misst opkommen? 

Wann an engem laizistesche Staat ëffentlech Sue fir reliéis Zwecker gebraucht ginn, misst dat genee iwwerpréift ginn, esou déi zwou Organisatiounen. Si fuerderen dofir komplett Transparenz iwwer déi staatlech Ressourcen, déi fir d'Visitt mobiliséiert ginn. An datt d'Regierung deklaréiere misst, ob an a wéi engem Ausmooss, dem Poopst seng Visitt mat Steiersue bezuelt gëtt, esou d'Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker (AHA) a Liberté de Conscience an hirem Schreiwes.

Poopst huet d'Gripp

De Poopst huet iwwerdeems seng Rendez-vouse fir haut alleguer ofgesot. Dat well hien eng liicht Gripp hätt, esou de Vatikan. Weider heescht et, de 87-Joer ale Poopst wéilt sech schounen an e bësse raschten, viru senger Visitt dës Woch hei zu Lëtzebuerg an an der Belsch. D’Kathoulesch Kierch weist sech awer optimistesch, datt de Poopst François en Donneschde wéi geplangt op Lëtzebuerg kënnt. D’Preparatioune fir seng Visitt lafen normal weider, erkläert de Gerard Kieffer, Spriecher vum Bistum, am 100,7-Interview. De 87 Joer ale Poopst huet an de leschte Méint e puer Mol scho Rendez-vouse wéinst gesondheetleche Problemer annuléiert.