Tania Mousel 07.08.2023 - 07h31 déi Lénk hu mat engem ëmstriddene Facebook-Post fir vill Diskussioun gesuergt. Ass et eng gutt Iddi am Waljoer esou ze kommunizéieren? Fro un eng Vertriederin vun der Parteijugend.
Thierry Hoscheit 04.08.2023 - 07h31 D'ALIA geheit RTL vir, si hätten d'Parteie virun de Gemengewalen net d'selwecht behandelt. Wéi eng Reegele ginn et do iwwerhaapt? Dat froe mir de President vun der Medienautoritéit.
Amy Winandy 03.08.2023 - 07h31 D'Gemengewalen sinn net gutt gelaf fir déi gréng. Wat kënne si fir d'Chamberwale besser maachen? Mir froen d'Spriecherin vun déi jonk gréng.
Alexandra Oxacelay 02.08.2023 - 07h31 Hunn d'Covid-Kris an déi héich Präisser an de leschte Méint dozou bäigedroen, datt méi Leit an d'Aarmut gefall sinn? Mir froen d'Direktesch vun der Stëmm vun der Strooss.
Romain Nati 01.08.2023 - 07h31 Den Direkter vum Stater Centre Hospitalier geet fir d'LSAP mat an d'Walen. Fir wéi eng Gesondheetspolitik wëllt hie sech asetzen?
Georges Bock 31.07.2023 - 07h31 Den Nohaltegkeetsrot fuerdert, datt Verschmotzung a Ressourcëverbrauch méi staark besteiert ginn. Wéi kann een dat maachen? Mir froen den zoustännege Member vum CSDD.
Marc Fischbach 28.07.2023 - 07h31 De President vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen an der Betreiung a Fleeg vun eelere Leit, mat Kritik um neie Gesetz iwwer d'Qualitéit vun de Servicer
Claude Meisch 27.07.2023 - 07h31 Den Educatiounsminister iwwer d'Alphabetisatioun op Franséisch, de Modell vun den ëffentlechen europäesche Schoulen an de Pro a Contra vun engem Handyverbuet
Fred Keup 26.07.2023 - 07h31 Den ADR-President iwwer déi rezent Partei-intern Turbulenzen an d'Strategie fir d'Chamberwalen.
Pierre Barthelmé 25.07.2023 - 07h31 Froen un de President vun der Konkurrenz-Autoritéit, där hir Enquête iwwer den Immobiliesecteur d'lëscht Woch Welle geschloen huet.
Frank Engel 24.07.2023 - 07h31 Nom Fokus-Kongress vun e Samschdeg: wat proposéiert déi nei Partei a Saache Logement, Steieren, Bildung oder Santé? A wéini presentéiert se hir Lëschten?
Steve Thull 21.07.2023 - 07h31 De Chef d'État-Major vun der Lëtzebuerger Arméi iwwer d'Arméireform, déi haut an der Chamber gestëmmt wäert ginn.
Barbara Agostino 20.07.2023 - 07h31 Froen un déi nei DP-Deputéiert, déi de 27. Juni vereedegt gouf. An déi eng Vergaangenheet am Fussball huet: Dat passt um Dag, op deem d'Frae-WM ufänkt.
Roy Reding 19.07.2023 - 07h31 Den Ex-ADR-Deputéierten iwwer de Clinch mat senger fréierer Partei an de Lancement vu senger neier Beweegung Normal 0 false fa
Corinne Cahen 18.07.2023 - 07h31 Vun der Familljeministesch zur Stater Sozialschäffen: d'Funktiounen änneren, d'Zoustännegkeete bleiwen.
Christophe Schiltz 17.07.2023 - 07h31 De President vum Staatsrot reagéiert op ënnerschwelleg an oppe Kriticken un der Aart a Weis, wéi (séier) seng Institutioun schafft.
Jean-Luc de Matteis 14.07.2023 - 07h31 Wéinst den héijen Zënse gëtt am Moment manner gebaut. Riskéieren doduerch vill Aarbechter hir Plaz ze verléieren? Mir froen den zoustännege Zentralsekretär vum OGBL.
Charel Weiler 13.07.2023 - 07h31 Mir froen deen neie Buergermeeschter vun Dikrech, ob seng Majoritéit weiderhin hanner der Nordstad-Fusioun steet.
Gérard Zens 12.07.2023 - 07h31 An der Internationaler Schoul zu Déifferdeng an Esch hu méi Primaner hiert Joer gepackt, wéi an anere Lëtzebuerger Lycéeën. Mir froen den Direkter vun der EIDE, firwat dat esou ass.
Paulette Lenert 11.07.2023 - 07h31 Mir froen d'LSAP-Spëtzekandidatin,firwat si bis elo net méi inhaltlech Schwéierpunkte gesat huet, an op si dat virun de Walen nach wëllt maachen.