Fräie Mikro
Nodenken amplaz ofrappen!
Den 28. August 1997 goufen d'Héichiewen op Arbed Belval stëllgeluecht. 2000 gouf d'Héichuewenterrass dofir op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux gesat. Déi weider Geschicht ass awer bedauerlecherweis déi vun der progressiver Zerstéierung vu wiesentlechen Elementer vun der Héichuewenanlag. Wéi d'Amicale vun den Héichuewen A a B an de Mouvement écologique héieren hunn, dass elo vum Fonds Belval geplangt wir, weider Gas- a Wandleitungen déi d'Héichuewen mat der Gebléishal verbannen ze zerstéieren, hunn se decidéiert mat enger Pressekonferenz Alarm ze schloen.
Den neien Direkter vum Fonds Belval, Luc Dhamen, huet mëttlerweil geäntwert, et wir keen Ofbau vu Leitungen virgesinn. Tant mieux. Vläicht bléist en neie Wand am Fonds Belval. Nët nëmmen den nationalen historesche Patrimoine géif sech freën, mee och d'Uni Lëtzebuerg.