arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ E Weltkrich oder e weltwäite Krich?

E Weltkrich oder e weltwäite Krich?

Mëtt Oktober huet de François Heisbourg, President vun deem renomméierten International Institute for Strategic Studies dem Nouvel Observateur en interessanten Interview ginn. Ophänkert war dem Nouvel Observateur säin Haaptdossier: "La troisième guerre mondiale a-t-elle commencé?" Dem Politolog Heisbourg no hu mer am Moment kee Weltkrich, mee e weltwäite Krich. Op verschiddene Plazen op der Welt stinn sech Kontrahenten a Konflikter géintiwwer, déi méi oder manner regional sinn a bleiwen. Op anere Plaze gräifen déi Grouss direkt a lokal Konflikter an a maachen se esou extrem geféierlech.


De François Heisbourg vergläicht déi ablécklech Situatioun net mat engem Weltkrich, mee éischter mam Drëssegjärege Krich, enger Rei vu bewaffnete Konflikter, déi Europa vun 1618 bis 1648 zerrappt hunn. Fir hie sinn d’Konflikter tëschent de Protestanten an de Katholike vun deemools komparabel mat dem Sträit tëschent de Sunniten a Schiiten haut. Wat natierlech an enger globaliséierter, vernetzter an atomiséierter Welt de Risiko vun engem globale Konflikt enorm vergréissert, ass d’Tatsaach, dass d’Vereenegt Staaten a Russland verstäerkt direkt militäresch an déi lokal Konflikter, wéi z.B. a Syrien agräifen. An dat op verschiddene Säiten.


De russesche President Putin huet senge Regierungsmemberen erklärt – esou d’russesch Zeitung Kommersant – „firwat Russland den 30. September an en 3. Weltkrich agetruede wier“. Hien nennt di militäresch Aktioun a Syrien en „hellege Krich“. Fir d’éischt säit laanger Zäit stinn sech d’USA a Russland also erëm militäresch géintiwwer: an dat net nure a Syrien. Och am Persesche Golf kann dat sunnitescht Saudi-Arabien sech op säi gudden amerikanesche Frënd verloossen, wéi de schiiteschen Iran en treien Alliéierten zu Moskau huet. En anere potentielle Konfliktpunkt leit méi no bei eis. Di dräi baltesch Staaten – Membere vun der EU an der NATO – fillen sech vu Russland bedrot, dat ëmmer nees an hire Loftraum andréngt.


An ob mer d’Situatioun vun haut als 3. Weltkrich bezeechnen oder se mam 30-järege Krich aus dem 17. Jorhonnert vergläichen – eppes ass kloer: Aus der Geschicht léiere mer näischt. A fir d’Hannah Arendt ze paraphraséieren: Das Böse wird immer banaler.


De fräie Mikro vum Simone Beck:

Episoden

Den Historiker an d'Welt vun haut | © Radio 100,7

Den Historiker an d'Welt vun haut

E Meenungsbäitrag iwwer d'Roll vun den Historiker, déi versiche sollten, d'Aktualitéit an d'Geschicht ze verstoen
headphones

4 min

play_arrow
Mr. Veeto | © Chris Zeien

Mr. Veeto

US-President Donald Trump an d'Veeto-Recht: Wat bedeit de Konzept vum Veeto?
headphones

4 min

play_arrow
GTA VI Release um Weltphilosophiedag: Si mir Meeschter vun eise Wënsch?

GTA VI Release um Weltphilosophiedag: Si mir Meeschter vun eise Wënsch?

Wat e Videospill mam Weltphilosophiedag ze huet – dozou e fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.
headphones

4 min

play_arrow
Verschäerft Immigratiounsreegelen: Méi Hürde fir Migranten a Flüchtlingen | © Jo Diseviscourt

Verschäerft Immigratiounsreegelen: Méi Hürde fir Migranten a Flüchtlingen

D'Biergerrechtlerin Laura Zuccoli fuerdert am Fräie Mikro eng human an eenheetlech europäesch Immigratiounspolitik.
headphones

4 min

play_arrow
Walalter: Jidderee weess et besser | © Radio 100,7

Walalter: Jidderee weess et besser

Viru kuerzem ass d’Diskussioun ronderëm de Mindest-Walalter nees opgetaucht. D’Meenung vun der Jugend spillt dobäi op d'mannst eng esou grouss Roll wéi politesch Hannergedanken
headphones

4 min

play_arrow
Eng Zeitung gouf dout gemaach | © Chris Zeien

Eng Zeitung gouf dout gemaach

D’kremlkritesch Zeitung Nowaja Gaseta huet gëschter hir lëscht Editioun publizéiert. Laut dem Chefredakter haten d'russesch Autoritéiten d'Rédaktiounsteam dozou gezwongen opzehalen
headphones

4 min

play_arrow
Existenziell Froen eescht huelen | © Radio 100,7

Existenziell Froen eescht huelen

Wat bleift vun der Seelsorge ouni Séil? D'Begleedung. An op déi huet jiddereen e Recht
headphones

4 min

play_arrow
Ëmmer méi Jonker engagéiere sech erëm am richtege Liewen: "Wat eng Chance!"

Ëmmer méi Jonker engagéiere sech erëm am richtege Liewen: "Wat eng Chance!"

Ëmmer méi Jonker engagéieren sech rëm am richtigen Liewen
headphones

4 min

play_arrow
Fräie Mikro: 72 Stonnen am Krisefall – mee wéi verhënnere mir en?

Fräie Mikro: 72 Stonnen am Krisefall – mee wéi verhënnere mir en?

Tëscht Krisevirbereedung, Krichsangscht an der Fro nom gerechte Krich.
headphones

4 min

play_arrow
Matbestëmme fir jiddereen | © Jo Diseviscourt

Matbestëmme fir jiddereen

Den Ausschloss vu bal der Hallschent vun de Residenten aus dem demokrateschen a legislative Prozess zu Lëtzebuerg ass eng reell Gefor fir d'Zesummeliewen.
headphones

4 min

play_arrow
Beschützt den Internationale Strofgeriichtshaff | © 100,7

Beschützt den Internationale Strofgeriichtshaff

Den internationale Strofgeriichtshaff vun Den Haag ass duerch rezent Sanktiounen vun den USA a senger Existenz bedreet. Et brauch eng ferm Reaktioun fir dëser Attack ze begéinen.
headphones

4 min

play_arrow
Eng Fuerschungsuniversitéit ouni Doktoranden? | © Jo Diseviscourt

Eng Fuerschungsuniversitéit ouni Doktoranden?

Am Summer ass e Gesetz a Kraaft getrueden, dat d'Konditioune fir d'Doktorat-Studium nei definéiert. D'Fuerscher an der Uni verstinn d'Welt net méi, mengt de Michel Pauly.
headphones

4 min

play_arrow

Feministesch Bildung fir all Mënsch

Genderbaséiert Gewalt a strukturelle Sexismus gi mir eréischt lass, wa mir all als Gesellschaft Verantwortung iwwerhuele
headphones

4 min

play_arrow
Drëtte Joresdag vun der Hamas-Attack op Israel | © Radio 100,7

Drëtte Joresdag vun der Hamas-Attack op Israel

Situatioun an der Gazasträif: Wéi wäit kann e Land goe wann et ugegraff gëtt a sech muss verteidegen?
headphones

5 min

play_arrow
Preventioun oder Bervormundung | © Jo Diseviscourt

Preventioun oder Bervormundung

Fir an der Preventioun virunzekommen muss de Staat Decisiounen huelen, déi op den éischte Bléck net ëmmer ganz populär sinn. All Changement ass am Ufank mol suspekt an ëmstridden.
headphones

4 min

play_arrow
Wann déi moralesch Ekonomie verletzt gëtt | © Radio 100,7

Wann déi moralesch Ekonomie verletzt gëtt

Anscheinend solle mer nees méi liesen. Den Denis Scuto recommandéiert de Regierungsmemberen a sengem Fräie Mikro d'Lektür vun de Schrëften vum Historiker Edward Thompson
headphones

4 min

play_arrow
Wéi vill Fräiheet verdréit den Himmel?

Wéi vill Fräiheet verdréit den Himmel?

Mir kënnen de Loftraum iwwerwaachen, Dronen detektéieren, nei Systemer installéieren an nach méi streng Reegele maachen. Mee absolut Sécherheet wäert et net ginn.
headphones

4 min

play_arrow
Wéi eng Gerechtegkeet fir d’Affer vun Verbriechen géint d’Mënschlechkeet? | © 100,7

Wéi eng Gerechtegkeet fir d’Affer vun Verbriechen géint d’Mënschlechkeet?

Am Rapport vun der Menschenrechtsorganisatioun Amnesty International iwwert déi bluddeg Repressiounen am Iran 2022 gin nët nëmmen d’Affer gewürdegt, mee och Täter mam Numm genannt
headphones

4 min

play_arrow
PISA als Spigelbild vun der Gesellschaft | © Radio 100,7

PISA als Spigelbild vun der Gesellschaft

Pünktlech zu der neier Schoulrentrée huet d’PISA-Studie ërem däitlech Schwächen an eisem Léiersystem opgedeckt.
headphones

4 min

play_arrow
Rentrée: Eng divers Gesellschaft brauch e villfältege Schoulsystem | © Jo Diseviscourt

Rentrée: Eng divers Gesellschaft brauch e villfältege Schoulsystem

Eng divers Gesellschaft brauch e villfältege Schoulsystem
headphones

4 min

play_arrow