Radioen

On air

Sot Emol  |  Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ Flüchtlinge gëscht an haut

Flüchtlinge gëscht an haut

Um Beispill vum Ëmgank mat Flüchtlinge weist den Historiker Michel Pauly vun der Uni Lëtzebuerg, wéi historesch Fuerschung kann hëllefen, haut déi richteg politesch Entscheedungen ze treffen:

Den Thierry Grosbois huet rezent an der Zäitschrëft "Heemecht" eng laang Etüd iwwert d’Exilregierung publizéiert: wéi si da mat de Judden ëmgaang ass. Hien weist, wéi an den 30er Joren di verschidde Justizministeren ënnerschiddlech op d’Awanderung vun ëmmer méi Judden aus Däitschland, Éisträich an Tschechie reagéiert hunn. Wéi och di jüdesch Communautéit zu Lëtzebuerg gehollef huet a Sue gesammelt huet. Da beschreift en awer och, wéi d’Regierung am Exil ëmsoss bei de Briten, bei den Amerikaner, bei de belsche Kollegen ugeklappt huet, fir Judden aus Lëtzebuerg, déi d’Land verloosse wollten oder scho verlooss haten, opzehuelen. Si hunn all hir Dieren zougemaach.

Just Kuba, di kleng Dominikanesch Republik a Brasilien hunn e puer Dose Flüchtlingen aus Lëtzebuerg bei sech opgeholl, wou Dausender gehofft hunn, an d’USA ze flüchten. Den Auteur verstoppt och net, dass d’Lëtzebuerger Regierung a besonnesch de Staatsminister Pierre Dupong ëmmer nees betount hunn, dass se just fir Judde mat Lëtzebuerger Pass ëm Asyl géife froen, net fir di Dausenden däitsch, éisträichesch oder tschechesch Judden, déi virum 10. Mee 1940 op Lëtzebuerg komm waren. Mir kennen d’Enn vun der Geschicht: 1289 Judde goufe vu Lëtzebuerg aus a Vernichtungslager deportéiert, ganzer 81 hunn iwwerlieft.

Déi schrecklech Episod aus onser Geschicht geet mer net aus dem Kapp, wann ech gesi wéi haut Westeuropa matt Honnertdausende Flüchtlingen aus Syrien an dem Afghanistan konfrontéiert ass. Mee et ass kee Geheimnis, dass an de sougenannte soziale Medie vill Leit fäerten, duerch ons oppen Dieren an ons Hëllefsbereetschaft géif onse Wuelstand a Fro gestallt ginn oder si misste fir hir Sécherheet fäerten. An Däitschland, an Éisträich, an der Schwäiz ginn et jo scho Politiker, déi mat esou Froe probéiere, Walen ze gewannen. Déi Ängschte soll ee sécher serieux huelen an ëmmer nees als onbegrënnt widderleeën. Angscht féiert zu falschen Décisiounen, wéi viru 70 Joer. Riskéiere mer da net, dass a 70 Joer d’Historiker eis de Spigel wäerte virhalen an d’Politiker sech wéinst onsen zouen Diere mussen entschëllegen?

Episoden

Aarm an agressiv

Projet de loi: héich Prisongsstrof fir aggressiivt Heesche virgesinn.
headphones

4 min

play_arrow

Dialog mam Bierger

Wéi wäert d’Diskussioun ronderëm d’Pensiounsreform lafen?
headphones

5 min

play_arrow

Iwwer de System

Virum Hannergrond vun de Presidentiellen an den USA eng Reflexioun iwwer eisen eegene politeschen Narrativ hei zu Lëtzebuerg.
headphones

4 min

play_arrow

Läit déi Kathoulesch Kierch um Stierwen?

Op de Griewer stoungen nees manner Leit wéi zejoert. Och de Poopst hat net grad Massen ugezunn. An den Äerzbëschof wëllt näischt méi vun der Caritas wëssen.
headphones

4 min

play_arrow

Bobigny a Mazan – zwee Prozesser, déi d’Gesellschaft veränneren

Virwat muss et zu spektakuläre Prozesser kommen, fir dass sech fir d’Fraen eppes ännert?
headphones

4 min

play_arrow

E Recht op Gesondheetsversuergung fir jiddereen!

Zu Lëtzebuerg liewe Mënschen ouni Krankeversécherung an ouni Zougang zu medezinescher Versuergung.
headphones

4 min

play_arrow

Allerhellgen, Allerséilen an Halloween

Vum Hierscht oder wann d'Luuchte bis ausginn
headphones

4 min

play_arrow
Männergewalt géint Fraen | © radio 100,7

Männergewalt géint Fraen

Mir sichen dacks d'Schold bei den Affer a mir sichen no Excusë fir d'Täter
headphones

4 min

play_arrow

De Wanter ass scho laang do

Fräie Mikro vum Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler Samuel Hamen.
headphones

5 min

play_arrow
De Wanter ass scho laang do

De Wanter ass scho laang do

Fräie Mikro vum Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler Samuel Hamen.
headphones

5 min

play_arrow

Firwat vill Reliounen "aus der Zäit gefall" wierken

Den Hugo Stamm huet viru Kuerzem am Sektenblog vum Schwäizer online Magasinn Watson eng spannend Analys publizéiert, wou hien opweist, wisou vill Reliounen a Sekten antiquéiert sinn an an hirer Existenz bedrot sinn.
headphones

4 min

play_arrow
Fir eng inklusiv Erënnerungskultur | © MNRDH

Fir eng inklusiv Erënnerungskultur

D‘Commemoratioun schwätzt just e klengen Deel vun eiser Populatioun un
headphones

5 min

play_arrow

Diskussioun iwwer den Handykonsum

Wéi Erwuessener mam schlechte Beispill virginn.
headphones

7 min

play_arrow

headphones

4 min

play_arrow

E bësse Folter …

D'Diskussioun iwwer Deportatiounen a Länner, déi net als sécher ugesi ginn, leeft net nëmmen an Däitschland.
headphones

4 min

play_arrow

Maison de Retour? Jo - awer net esou!

Déi aktuell Maison de Retour awer bréngt virun allem vill Leed a Stress fir déi Betraffen.
headphones

4 min

play_arrow

Wat ass eng Kierch ouni Caritas?

De Michel Pauly, Historiker a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum bedauert, dass mat der Caritas eng gesellschaftskritesch Stëmm verluer geet.
headphones

4 min

play_arrow

Demokratie a fräi Meenungsäusserung

Wou hält d'Meenungsfräiheet op, a wou fänkt den Haass an d'Diskriminéierung un?
headphones

4 min

play_arrow

Firwat gëtt d'ADR gewielt?

Déi 25 Gemengen, wou d'ADR bei den Europawale méi wéi 15 Prozent krut, leien all am ländleche Raum.
headphones

4 min

play_arrow

Zeréck hanner d‘Dëppen

D’Romantiséierung vum Réckschrëtt an traditionell Rollebiller, wou d’Fra sech dem Mann ënneruerdent ka keng Léisung sinn.
headphones

4 min

play_arrow