Europa Aktuell
Europäesch Industrie wëll Asaz vun Drone stäerken
Terrainen oder Leit aus der Loft iwwerwaachen : dat ass kee Problem mat Dronen. D'Industrie wëll méi wäit goen an Drone produzéiere fir d'Grenzen z'iwwerwaache, mä et ginn technologesch, finanziell a reglementaresch Hürden. D'Europaparlament huet den 29. Oktober 2015 e Rapport gestëmmt fir de Secteur besser reglementéieren an d'EU-Kommissioun huet fir 2016 e Gesetz versprach. Mä iwwer den Schutz vun der Privatsphère vun de Bierger gëtt wéineg geschwat. Aus der belscher Haaptstad, d'Loreline Merelle.