Fräie Mikro
Wat bréngt de Sträit iwwer den Artuso-Rapport?
Nodeems am Juni an der Chamber mat vill Dignitéit d'Juddeverfolgung am 2. Weltkrich thematiséiert gouf, versichen eenzel Kritiker elo Hoer an der Zopp ze sichen. Den Artuso-Rapport iwwer d'Roll vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun ënnert der Nazibesetzung am Joer 1940, gëtt vun eenzelnen Historiker als onseriéis kritiséiert. Dëse Sträit mécht all deene Freed, déi sech vu vir era géint dee bedeitende Schrëtt am Parlament den 9. Juni gewiert haten. Mee den Affer, vun deenen eng grouss Zuel souwisou nom Krich net méi do woren, déngt deen aktuelle Sträit net ganz vill, mengt de Laurent Moyse.