Fräie Mikro
Kultur oder Cool-Tour?
Ugangs November ginn déi meescht vun eis da un déi eege Vergänglechkeet erënnert. Sou datt nom Gedenken un déi Verstuerwen traditionell un dat eegent Liewen an Iwwerliewe geduecht gëtt. Dee Rendez-vous wor fréier am Duerfcafé, wou bei enger Partie Keelen oder Kaart déi eegen Existenz erëm schnell am Mëttelpunkt stoung a meeschtens séier eppes géint den Duuscht gemaach gouf. Dat wor fréier. Haut hunn déi eng Dierfer entweder schonns laang kee Café méi oder sinn Allerhellgen an Allerséilen einfach zou.
Et ass ebe méi einfach a wahrscheinlech och méi lukrativ fir d'Leit virun Allerhellgen drun ze erënneren dat se nach liewen. D'Amerikaner wéi och déi aner angelsächseg Länner hunn dat schonns méi laang verstan. An och heiheem kann sech Halloween als Fest lues awer sécher duerchsetzen. Sou hunn Halloween-Baler schonns méi laang eng fest Platz am Agenda vu ville Klipp a Kulturzenteren. A wien net wëll erkannt ginn – kee Problem, hei däerf ee schonns am November verkleet higoen.
Mam Glawen huet dat souwisou schonns laang näischt méi ze dinn an och wann dat kulturell vläicht bis zum Himmel sténkt, sou ass et dach e gutt Beispill firwat Geld schonns zu Zäite vum Pantheon net gestonk huet. Hu mer soss d'Griewer mat Blumme gerëscht sou sinn et elo d'Kürbiskäpp op de viischten Dieren. A war mer fäerdeg sinn dann ass dat bësse Kultur just nach eng 'cool Tour' an ech froe mech op et nieft de Blummen och schonns Kürbissen op eisen Tankstelle gëtt?