Fräie Mikro
Brout a Spiller
Virun 2000 Joer huet de Quintilian sech doriwwer opgereegt dass verschidde Männer esou wéineg viril wieren, dass se den Ubléck vun engem verletzte Gladiator net kéinten erdroen an incapabel wieren den Amant vun hirer Fra ëmzebréngen. Haut stinn nieft dem Fussball Sextapen, Kokainorgien oder Prostitutiounsaffären am Mëttelpunkt vum Medieninteressi. D'Virilitéit ass ëmmer nach dat iewescht Ideal. An déi grouss Proprietäre vun de Gladiatore-Schoulen, déi haut an enger Organisatioun mat Numm FIFA regruppéiert sinn, verkafen d'Meeschterschaften un deen deen am meeschte bitt, och an hir eegen Täsch.
An ech. Ech sinn 1978 nuets opbliwwe fir d'Mätscher vun der Weltmeeschterschaft an Argentinien ze kucken, e Land wou zum selwechten Ament politesch Opposante gefoltert an ermort goufen. Deemools hat ech 13 Joer an ech wosst et net. D'Proprietairë vun de Gladiatoreschoule wossten et. Mee haut ass alles besser. De Fussball huet gewonnen iwwer seng Feinden déi d'Mënscherechter verletzen a korrupt sinn. Dofir si mer eis och all eens dass mer d'Weltmeeschterschaft am Qatar 2022 op kee Fall wäerte kucken. Oder?
De fräie Mikro vum Denis Scuto: