Europa Aktuell
Quasi keng Flüchtlinge méi op Malta
Op Malta passéiere quasi keng Migrante méi: manner wéi 100 sinn der an de leschten néng Méint vu Libyen aus op der Insel Malta ukomm. All déi aner Flüchtlingen, déi iwwert d’Mëttelmier komme, ginn direkt an Italien. D’Directrice vum “Service jésuite des réfugiés” op der Insel huet de Verdacht, datt d’Signature vun engem informellen Accord tëschent Malta an Italien d’Ursaach fir d’Transformatioun vun de Migratiouns-Fluxen ass.
Vu Bréissel, d'Loreline Merelle.