arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ Mat Bildungspolitik op d'Dogmen vum IS reagéieren

Mat Bildungspolitik op d'Dogmen vum IS reagéieren

An engem moderne Sënn sinn Dogmen soss näischt, wéi intellektuell Wanderdünen. Wien dropsteet ass dovun iwwerzeegt op festem (also sécherem dogmateschen) Grond ze stoen. An nawell drift en lues awer sécher a virun allem onbemierkt fort. Op sou moderne Wanderdüne sëtzen noweislech politesch Parteien. Well déi sech nach ëmmer drop behaapten, Recht zu hunn an um séchere Wee ze sinn, och nodeems se selwer schonns laang gemierkt hunn op Holzweeër 'à la Heidegger' ënnerwee ze sinn. Op de selwechte Wanderdüne sëtzen och all déi radikaliséiert Ideologien. Sou och den islamesche Staat mam deklaréierte Wëllen en neit weltwäit Kaliphat anzeféieren.


Grad wéi aner radikal Gruppéierungen, ass den IS iwwerzeegt e géif seng dogmatesch Dün steieren, an net willkürlech wanderen an ofdreiwen. Genau deen Zoustand werfen se eisen demokratesche Strukture vir, a maachen eis dekadent Wäerte-Kultur dofir responsabel. De Wëllen sou Dogmen ze steieren huet och Resultater: Iwwer 130 Doudeger huet Paräis virun zwou Woche gezielt. Eng Sakgaass, voll Gewalt, Blutt, Trauer a Misère. Während fir d'Auteuren dës Sakgaass d'Zil ass, wëll déi europäesch a westlech Politik aus der Sakgaass eraus kommen. Sou huet d'Politik op en Neits enorm vill Ressourcë missen opbrénge fir dem Geschäft mat der Angscht ad hoc den Nährbuedem ze huelen. Ressourcen, déi weder ad infinitum zur Verfügung stinn, nach an hirer Wierkung éiweg gräifen. Zënter dem 13. November zéckt och den europäesche Bierger an iwwerleet sech op seng Schengen-Fräiheet dann nach sécher ass.


Sou modern Dogmen, also intellektuell Wanderdünen, kennen nëmmen een effikasst Géigemëttel: De gesonde Mënscheverstand a Gesetzer, déi sech dorops beruffen. Dat éischt ass d'Aufgab vu Bildungspolitik. Wann dat sou soll sinn, dat kritt dat neit Schoulfach 'Vie et Société' eng héich Erwaardungshaltung ze erfëllen. An der Hoffnung, datt dësen Dossier net just eng weider Wanderdün an eiser politescher Landschaft gëtt.


De fräie Mikro vum Jean-Luc Thill.

Episoden

Social-Media-Verbuet fir Jonker: Gutt gemengt, mee keng wierklech Léisung

Am Fräie Mikro kuckt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, aus humanistescher Siicht op de wuessenden Drock Jonker ënner 16 Joer aus de Soziale Medien auszespären.
headphones

4 min

play_arrow

75 Joer Genfer Flüchtlingskonventioun

Déi international Communautéit feiert de 75. Anniversaire vun der Genfer Flüchtlingskonventioun vun 1951. Gläichzäiteg bedrot d'EU Protektiounsmechanisme vun där Konventioun
headphones

5 min

play_arrow

Ferm Kritik u Klimapolitik

Hat d’Politik d’Urgence vu Moossname géint d’Klima- a Biodiversitéiskris nach net verstanen?
headphones

4 min

play_arrow

Welcome in Europe!

Hanner dem neie Reglement "Retour" stécht eng Logik vu Friemefeindlechkeet, Sécherheetswan, Zwangsmoossnamen a Mëssuechtung vun de Grond- a Mënscherechter, fënnt d'Laura Zuccoli.
headphones

4 min

play_arrow
Rekordtemperaturen zu Lëtzebuerg | © Chris Zeien

Rekordtemperaturen zu Lëtzebuerg

Wat bedeiten dës Rekorder? A wat bedeit dat ganz konkreet fir eis Schoulen?
headphones

5 min

play_arrow

Beschleunegen - awer wouhi soll d'Rees goen?

Den Nexus Sommet ronderëm Tech an AI mat méi wéi zéngdausend Visiteure vu leschter Woch wërft Froen op - wouhi soll dës Beschleunegung eis eigentlech féieren?
headphones

4 min

play_arrow
Fräie Mikro: Schoulflicht amplaz Ofsturz

Fräie Mikro: Schoulflicht amplaz Ofsturz

Vun Hierscht u gëtt d'Schoulflicht vu 16 op 18 Joer erhéicht.
headphones

5 min

play_arrow
Wann d'Chamber sech muss fläissen

Wann d'Chamber sech muss fläissen

Ëmmer méi dacks gi Gesetzer mat immensem Zäitdrock am Parlament gestëmmt. Woubäi richteg Debatten an Analysen op der Streck bleiwen, bedauert de Frank Wies am Fräie Mikro.
headphones

4 min

play_arrow

Only Yes Means Yes

Virun engem gudde Mount huet eng grouss Majoritéit am EU-Parlament fir d'Aféierung vun enger eenheetlecher strofrechtlecher Definitioun vu Vergewaltegung gestëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Liwwerplattform-Aarbechter e Wirtschaftsmodell vu Mënschenhandel!

Véier franséisch Organisatiounen hunn den 22. Abrëll eng Plainte géint Deliveroo an Uber wéinst Mënschenhandel beim Parquet vu Paräis agereecht.
headphones

4 min

play_arrow

D’Meenungs- a Pressefräiheet si weltwäit a Gefor

De Rapport iwwer d’Entwécklung vun der Meenungs- a Pressefräiheet, deen d’UNESCO all véier Joer erausgëtt, weist fir d’Joren 2022 bis 2025 eng beängschtegend Entwécklung.
headphones

4 min

play_arrow

„De Premier ass de Premier“

D'Frieden-Ried zur Lag vun der Natioun 2026 geet an d'Geschicht an als Paradebeispill vun deem wat Soziologen déi douce Gewalt vun den Elitten nennen.
headphones

4 min

play_arrow

“Evaluation oder making learning vivisble?“

D’lëtzebuergesch Schoul setzt zanter Joren ëmmer méi op formativ Bewäertung a Feedback amplaz op reng Selektioun duerch Noten. Dës Approche stéisst awer ëmmer nach un hir Grenzen.
headphones

4 min

play_arrow

Fräie Mikro: De Wal, d'Empörung an d'Demokratie

E Bündnis vun Esoteriker, Verschwörungsideologen a rietsextremen Influenceren — fir e gestrante Buckelwal an der Ostsee. Wéi konnt et dozou kommen?
headphones

4 min

play_arrow

Immigratioun - Héich Maueren eleng ginn net duer

D’Zuele vun de Leit, déi ouni Autorisatioun an d’EU areesen, gi kontinuéierlech erof. Net well manner Leit op der Flucht wieren, mee well de Wee an d'EU ëmmer méi schwéier gëtt.
headphones

4 min

play_arrow

Eng faarweg Zukunft

Respekt a Toleranz op där enger Säit, Haass an Ufeindungen op där anerer Säit, eis Gesellschaft weess mat Momenter net méi, wéi si eist Zesummeliewen harmonesch gestalte soll.
headphones

4 min

play_arrow

De Poopst traut sech

Ëmmer méi westlech Politiker:innen an och de Poopst Leo XIV traue sech dem Donald Trump entgéintzetrieden.
headphones

4 min

play_arrow

Et wielt een do, wou ee wunnt a Steiere bezilt!

Lëtzebuerg stellt sech gär als Virbild duer. E klengt Land, oppen, räich a multikulturell. Leider gëtt eng Gesellschaft awer net un hirem Image gemooss, mee un hiren Divisiounen.
headphones

4 min

play_arrow

headphones

4 min

play_arrow

"Me first“ - E geféierlechen Trend

E Phenomeen, dee bei de Leit ëmmer méi fir Onmutt suergt, sinn déi elektresch Trottinetten. D’Reglementatioun ass kloer. Mee d’Verhale gesäit dacks net dono aus.
headphones

4 min

play_arrow