Europa Aktuell
Wéi en Impakt huet déi europäesch Spezial-Steierkommissioun ?
Wärt d’Spezialkommissioun “Taxe” vum Europaparlament hir Enquête iwwer d'Steierpraktike vun den EU-Memberstate verlängeren? D’Fro steet nach op! Zanter dem “Lux Leaks” Skandal am Februar dëst Joer schaffen d’Parlamentarier an dëser Spezialkommissioun, a si missten elo geschwënn een éischten Avis virleeën, éier hir Recommandatiounen Enn November an der Plenière votéiert ginn. Et bleift awer nach ee gutt Stéck Aarbecht ze maachen, net nëmmen a punkto Transparenz, mä och wat den Zougang zu deenen Dokumenter ubelaangt. Vu Bréissel, d’Loreline Merelle