Europa Aktuell
Relancement vun de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei
Den 29. November hu sech Tierken an Europäer an der belscher Haaptstad fir ee bilaterale Sommet vun de Staats- a Regierungschef getraff. Eng éischte Kéier iwwregens zanter 11 Joer, a säit Bäitrëttsverhandlunge gefouert ginn. Mä iwwer een Accord eraus, an d’Versprieche fir d’Verhandlungen, déi op engem Déifpunkt ukomm sinn ze relancéieren, konnt dës Reunioun net driwwer ewech täuschen, dass et een historescht Mëssverständnes gëtt, wat d’Finalitéit vum Bäitrëttsprozess ubelaangt, an un deen eigentlech och kee méi esou richteg gleeft.