Fräie Mikro
Wiessel am Kulturministère
D'Regierung ass net seriö mat der Besetzung vum Kulturministerposten ëmgaang an dat seet eppes iwwer dee klenge Stellewäert vun der Kultur am Land aus, fënnt d'Danielle Igniti. Et wier de Moment gewiescht fir eng kompetent Persoun, déi kulturpolitescht Verständnis huet, op de Ministeschposten ze setzen an endlech Konditiounen ze schafe fir eng serieux Kulturpolitik an d’Weeër ze leeden. Datt Kulturpolitik Gesellschaftspolitik ass, kënnt net eriwwer. An do ass dës Regierung, déi sech gären e progressiven an zukunftsorientéierten Air gëtt, ganz no bei der populistescher, primitiver Opfaassung vu Kultur, déi ganz regressiv Oppositiounspolitiker verdeedegen.