Ënnert dem Stréch huet déi Lëtzebuerger Presidence international net vill Neies bewierkt. Déi sämtlech Konflikter, déi virun der Lëtzebuerger Presidence den Toun uginn hunn, lafe monter weider. An der Flüchtlingskrise gesäit ee keen Enn. An den Terrorismus breet sech weider aus. Dobäi kënnt, dass Europa sech selwer d'Liewe schwéier mécht: D'EU-Länner streiden ënnerteneen. Si fanne kee gemeinsamen Nenner souwuel a Saachen Aussepolitik, wéi a Finanz-, Budgets-, Wirtschafts- oder Sozialfroen. D'Solidaritéit ënnert den EU-Staaten stéisst a villen Domänen un Grenzen. D'Problematik vun der griichescher Schold bleift bestoen, d'Bedeelegung vu Groussbritannien an der EU gëtt wackeleg a Länner wéi Ungarn oder Polen weise beonrouegend Zeeche vun Autoritarismus. Dobäi huet d'EU all Interêt, sech zesummenzerappen, fir an enger multipolarer Welt genuch Handlungsspillraum ze behalen, mengt de Laurent Moyse a sengem fräie Mikro.
arrow_back_ios
Fräie Mikro
Lëtzebuerger EU-Semesterpresidence
Episoden
"Me first“ - E geféierlechen Trend
E Phenomeen, dee bei de Leit ëmmer méi fir Onmutt suergt, sinn déi elektresch Trottinetten. D’Reglementatioun ass kloer. Mee d’Verhale gesäit dacks net dono aus.
92 Autokratië géint 87 Demokratien: Verschwënnt e Modell?
Viru Kuerzem gouf déi 10. Editioun vum Democracy Report vum V-Dem Institut vun der Universitéit Göteborg verëffentlecht.
Meedercher a Männerwelten
D’Politik an d’Fuerschung sinn sech eens: Meedercher solle méi technesch Beruffer wielen. Mais den Zäitgeescht ass op retro an di jonk Fraen hu keng Loscht op Gescchlechterkampf.
Eng nodenklech Zersplitterung vun der Parteielandschaft
Regelméisseg kënnt zu Lëtzebuerg d’Diskussioun iwert eng Reform vum Wahlsystem op, woubäi d’Fro vun der Ofschaafung vum Panaschéieren stänneg am Raum steet.
Och Flüchtlingen hu Recht op Famill
Nom Areeche vun enger Ufro op Familljereunifikatioun muss een den Ament bis zu 35 Méint op eng Äntwert waarden
De Philosoph a Soziolog Jürgen Habermas ass dout
Wat de Philosoph Jürgen Habermas mam Video-Arbitter am Fussball ze dinn.
Sproochepolitik als Showmatch
Lëtzebuerg an eng konstant Diskussioun iwwer seng vill Sproochen - dat kann ee sech hautdesdaags guer méi anescht virstellen. D‘Sproochepolitik ass zu engem Showmatch ginn.
Schlecht Stëmmung op der Uni
De Michel Pauly, pensionéierte Professer vun der Uni Lëtzebuerg, erkläert, firwat d’Stëmmung do net déi allerbescht ass.
US-Ugrëff op den Iran, fir e Regimmwiessel erbäizeféieren
D'Interventioun leschte Samschdeg (28. Februar) vun den USA - zesumme mat Israel- ass net déi éischt, fir vu baussen d’Leedung vum Iran auszetauschen.
Fräie Mikro: Ass dat internationalt Recht dout?
Ass et definitiv eriwwer mat der Iddi vun enger Weltuerdnung, déi um internationale Recht baséiert? Den Affekot a Mënscherechtsaktivist Fränk Wies kommentéiert.
Ass dat internationalt Recht dout?
Ass et definitiv eriwwer mat der Iddi vun enger Weltuerdnung, déi um internationale Recht baséiert? Den Affekot a Mënscherechtsaktivist Fränk Wies kommentéiert.
Migratioun: Spuenien ass e Liichtbléck
Firwat net och eng Regulariséierung zu Lëtzebuerg fir bestëmmt illegal Migranten?
4 Joer Krich an der Ukrain
E kuerzen Dram an e laangen Trauma: D’Ukrain tëschent Stalin a Putin
Den amerikanesche Modell
Waren d’USA mol e Modell fir Demokraten iwwerall op der Welt, esou gi se a leschter Zäit éischter eng Inspiratioun fir Populisten.
Random acts of kindness day
Haut, 17.2., ass den Dag fir spontan fein ze sinn. Eng Geleeënheet fir iwwer déi kleng gratis Frëndlechkeeten nozedenken.
Philosophie als Impfung géint Schäiwëssen
De Philosoph Jean-Luc Thill hält e Plaidoyer fir d'Argumentéieren, d'Nohaken an déi ongemittlech Froekonscht an Zäite vu KI-Texter.
D'Epstein-Affär: Et schockéiert, et degoutéiert, et mécht rosen
Sexuell Gewalt an all hire Forme geet duer als Grond fir Mënsche fir hiert Handelen ze verurteelen an ze bestrofen, egal wéi mächteg a räich se sinn.
Jugendschutz amplaz Tiktok-Stop
D’Ofschafe vun de soziale Medien: Eng super Léisung fir mental Problemer oder eng populistesch Aktioun?
Ëmmer méi Reegelen am Verkéier
Verkéiersplanung: Mir reglementéieren eis zu Doud