Ënnert dem Stréch huet déi Lëtzebuerger Presidence international net vill Neies bewierkt. Déi sämtlech Konflikter, déi virun der Lëtzebuerger Presidence den Toun uginn hunn, lafe monter weider. An der Flüchtlingskrise gesäit ee keen Enn. An den Terrorismus breet sech weider aus. Dobäi kënnt, dass Europa sech selwer d'Liewe schwéier mécht: D'EU-Länner streiden ënnerteneen. Si fanne kee gemeinsamen Nenner souwuel a Saachen Aussepolitik, wéi a Finanz-, Budgets-, Wirtschafts- oder Sozialfroen. D'Solidaritéit ënnert den EU-Staaten stéisst a villen Domänen un Grenzen. D'Problematik vun der griichescher Schold bleift bestoen, d'Bedeelegung vu Groussbritannien an der EU gëtt wackeleg a Länner wéi Ungarn oder Polen weise beonrouegend Zeeche vun Autoritarismus. Dobäi huet d'EU all Interêt, sech zesummenzerappen, fir an enger multipolarer Welt genuch Handlungsspillraum ze behalen, mengt de Laurent Moyse a sengem fräie Mikro.
arrow_back_ios
Fräie Mikro
Lëtzebuerger EU-Semesterpresidence
Episoden
Social-Media-Verbuet fir Jonker: Gutt gemengt, mee keng wierklech Léisung
Am Fräie Mikro kuckt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, aus humanistescher Siicht op de wuessenden Drock Jonker ënner 16 Joer aus de Soziale Medien auszespären.
75 Joer Genfer Flüchtlingskonventioun
Déi international Communautéit feiert de 75. Anniversaire vun der Genfer Flüchtlingskonventioun vun 1951. Gläichzäiteg bedrot d'EU Protektiounsmechanisme vun där Konventioun
Ferm Kritik u Klimapolitik
Hat d’Politik d’Urgence vu Moossname géint d’Klima- a Biodiversitéiskris nach net verstanen?
Welcome in Europe!
Hanner dem neie Reglement "Retour" stécht eng Logik vu Friemefeindlechkeet, Sécherheetswan, Zwangsmoossnamen a Mëssuechtung vun de Grond- a Mënscherechter, fënnt d'Laura Zuccoli.
Rekordtemperaturen zu Lëtzebuerg
Wat bedeiten dës Rekorder? A wat bedeit dat ganz konkreet fir eis Schoulen?
Beschleunegen - awer wouhi soll d'Rees goen?
Den Nexus Sommet ronderëm Tech an AI mat méi wéi zéngdausend Visiteure vu leschter Woch wërft Froen op - wouhi soll dës Beschleunegung eis eigentlech féieren?
Fräie Mikro: Schoulflicht amplaz Ofsturz
Vun Hierscht u gëtt d'Schoulflicht vu 16 op 18 Joer erhéicht.