Fräie Mikro
Partizipatioun a Migratioun am Joer 2015
Froe vun der Partizipatioun an der Migratioun waren am Joer 2015 vill an der Aktualitéit. Haut op dësen 31. Dezember notzt d'Asti-Presidentin Laura Zuccoli d'Geleeënheet doriwwer nozedenken: Am Verfassungsreferendum ass kloer ginn, datt d'Lëtzebuerger den Auslänner net besser gesënnt sinn, ewéi dat an anere Länner de Fall ass. Do ass dee Solidaritéits-Elan fir d'Flüchtlinge schonns e Liichtbléck. Et ass ze hoffen, dass déi Stëmmung net bei der éischter gréisserer Schwieregkeet ëmschléit. Sécherlech musse mer een deen anere kenne léieren. An sécher huet d’Aktualitéit an Europa a besonnesch zu Paräis eis erschreckt. Mee ebe just elo musse mer eis net zeréckzéien. Op en Joer 2016 vun der Toleranz an dem aktiven Zesummeliewen!
Lauschtert de fräie Mikro vum Laura Zuccoli hei: